French OpenMandy Minella en Dënschdeg an der Qualifikatioun gefuerdert

RTL Lëtzebuerg
D'Lëtzebuergerin kritt et mam Réka Luca Jani aus Ungarn ze dinn.
© AFP (Archiv)

E Méindeg huet beim Grand-Slam-Tournoi vu Roland Garros d’Qualifikatioun ugefaangen. Mam Mandy Minella ass dëst Joer och eng Lëtzebuergerin bei de French Open mat dobäi.

An de leschte Wochen huet sech d’Lëtzebuergerin a Portugal an a Spuenien op de grousse Rendez-vous virbereet. En Dënschdeg ass d’Mandy Minella (WTA 207) dann am éischten Tour vun der Qualifikatioun eng éischte Kéier gefuerdert. Hir Géignerin ass d’Réka Luca Jani (WTA 184) aus Ungarn. D’Partie gëtt en Dënschdeg am Nomëtteg um Court 9 gespillt.

Mandy Minella preparéiert French Open
D’Lëtzebuerger Tennisspillerin huet sech an de leschte Wochen a Portugal an a Spuenien op de Grand Slam preparéiert.

Back to Top
CIM LOGO