Internationale FuttballManUnited enttäuscht, ManCity mat Meeschtervirstellung

RTL Lëtzebuerg
An der Premier League gouf et kloer Victoirë fir ManCity an Arsenal, wärend ManUnited eng defteg Néierlag kasséiert. An Italien war et den 1. Spilldag.
© AFP

Bundesliga

De Resumé vun de Matcher aus der Bundesliga fannt dir hei.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Premier League

FC Arsenal - Leicester City 4:2
1:0 Gabriel Jesus (23'), 2:0 Gabriel Jesus (35'), 2:1 Saliba (53', Eegegol), 3:1 Xhaka (55'), 3:2 Maddison (74'), 4:2 Martinelli (76')

Arsenal war gutt an de Match komm a huet duerch de Gabriel Jesus zwee Goler markéiert. Duerno hunn d’Gunners de Match bis zur Paus geréiert. Leicester koum duerch en Eegegol vum Saliba zeréck an de Match; hien huet sengem Golkipp eng ze ongenee Réckpass gemaach. Arsenal huet am Géigenzuch den ale Virsprong nees hiergestallt, Leicester huet awer matgespillt an ass drubliwwen, éier d’Heemekipp alles kloer gemaach huet.

Manchester City - Bournemouth 4:0
1:0 Gündogan (19'), 2:0 De Bruyne (31'), 3:0 Foden (37'), 4:0 Lerma (79', Eegegol)

Beim éischten Heemmatch vum Neizougank Erling Haaland huet den Norweeger kee Gol geschoss, dofir awer véier vu senge Coequipieren. Spiller vum Match war de Belsch Kevin de Bruyne, dee selwer ee Gol markéiert an den drëtte Gol virbereet huet. An der zweeter Hallschent huet ManCity de Match verwalt an nach vun engem Eegegol vu Bournemouth profitéiert.

FC Brentford - Manchester United 4:0
1:0 Dasilva (10'), 2:0 Jensen (18'), 3:0 Mee (30'), 4:0 Mbeumo (40')

Manchester United huet eng Woch virum traditiounsräichen Duell mam FC Liverpool eng desolat Performance gewisen. Schonn an der éischter Hallschent war de Match zu Gonschte vu Brentford gelaf. No der Paus huet d’Ekipp vum neien Trainer Erik Ten Hag zwar e bessert Bild vu sech gewisen, mee et sollt kee Gol fir d’Red Devils falen. En plus gouf de Christian Eriksen bei sengem Retour zu senger aler Ekipp vun den Zuschauer ausgepaff. Domat start ManU mat zwou Néierlagen an déi nei Saison.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Serie A

AC Mailand - Udinese Calcio (18.30 Auer)
0:1 Rodrigo Becao (2'), 1:1 Theo Hernandez (11', Eelefmeter), 2:1 Rebic (15'), 2:2 Masina (45'+3), 3:2 Diaz (46'), 4:2 Rebic (68')

Zum Optakt vun der neier Saison an der Serie A gouf et eng Victoire fir den amtéierende Meeschter. De gefeierte Mann vum Owend war den Ante Rebic, deen zwee Goler fir d’Rossoneri markéiere konnt. Udinese huet zwar gutt matgehalen, mee um Enn war de Meeschter einfach ze staark.

US Lecce - Inter Mailand 1:2
0:1 Lukaku (2'), 1:1 Ceesay (48'), 1:2 Dumfries (90+4')

Dat ass nach emol gutt gaange fir Inter Mailand um éischte Spilldag. Duerch e Gol vum Dumfries Sekonne viru Schluss konnt ee sech auswäerts nach mat 2:1 géint Lecce behaapten an esou déi éischt dräi Punkten an dëser Saison sammelen.

No nëmmen 82 Sekonnen hat de Lukaku Inter scho mat 1:0 a Féierung bruecht. Kuerz no der Paus war der Lokalekipp duerch de Ceesay den Ausgläich gelongen.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

Ligue 1

AS Monaco - Stade Rennes 1:1
0:1 Laborde (59'), 1:1 Embolo (72')

No der 2:1-Victoire am Optaktmatch spillt Monaco just 1:1 gläich. D’Monegasse krute scho fréi e Spiller vum Terrain gesat, well den Tackling ze haart war. An Ënnerzuel krute si en Eelefmeter zougesprach, deen den Disasi awer verschoss huet. Nom Säitewiessel huet Rennes méi fir de Match gemaach a konnt a Féierung goen, mee den Embolo, den Neizougank vu Gladbach aus der Bundesliga, huet fir Monaco den 1:1 geschoss.

PSG - Montpellier 5:2
1:0 Sacko (39', Selbstgol), 2:0 Neymar (43', Eelefmeter), 3:0 Neymar (51'), 3:1 Khazri (58'), 4:1 Mappé (69'), 5:1 Sanches (87'), 5:2 Tchato (90+1')

Eng weider staark Leeschtung huet e Samschdeg den Owend de PSG gewisen. Och wann et e bësse gedauert huet, bis déi éischt Goler gefall sinn, gouf et um Enn eng souverän 5:2-Victoire géint Montpellier.

Nodeems den Mbappé an der 23. Minutt nach een Eelefmeter verschoss hat, huet de Sacko mat engem Selbstgol an der 39. Minutt de Score fir de franséische Champion opgemaach. Nach virun der Paus konnt den Neymar duerch een Eelefmeter op 2:0 setzen. No der Paus huet de Stiermer vum PSG duerch e weidere Gol de Virsprong op 3:0 erhéicht. De Khazri konnt an der 58. Minutt fir d’Gäscht op 1:3 verkierzen, ma dat huet de PSG awer net aus der Rou brénge gelooss. Duerch Mbappé (69') a Sanches (87') hu si d’Goler 4 a 5 geschoss. Fir d'5:2-Schlussresultat huet den Tchato gesuergt. De Spiller vu Montpellier huet an der Nospillzäit nach emol fir seng Faarwe verkierzt, fir méi sollt et awer net méi duergoen.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

La Liga

Barcelona - Rayo Vallecano 0:0

Fir den Optakt an der LaLiga huet de Robert Lewandowski seng Première fir Barca gefeiert, ma déi ass net onbedéngt nom Wonsch vun de Katalane verlaf. Géint Rayo Vallecano ass een nämlech net iwwert een 0:0-Remis erauskomm. An duerch eng Giel-Rout Kaart fir de Busquets an der Nospillzäit stoung een um Enn nëmmen nach zu 10 um Terrain.

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO