
Leverkusen - Hertha 0:0
An den éischte 45 Minutten huet ee vu béiden Ekippen eng gutt defensiv Aarbecht gesinn a sou ass et souwuel fir Leverkusen wéi och fir Hertha net vill Golchance ginn. Bis op e puer Schëss aus der Distanz war et nie richteg geféierlech ginn a sou ass et ouni Goler an d’Paus gaangen.
Och am zweeten Duerchgang war et en zimmlech schwaache Match, deen an der Nospillzäit dann nach bal mat engem Gol ofgeschloss ginn ass, ma de Bender huet de Ball mat sengem Kappball knapps laanscht de Potto geschoss. Um Enn bleift et beim 0:0 a sou verpasst Leverkusen de Sprong op déi zweet Plaz.
Mainz - Hoffenheim 1:1
1:0 Quaison (33'), 1:1 Bebou (62')
Mainz huet sech mam Leandro Barreiro ufanks engagéiert gewisen an ass no enger gudder hallwer Stonn och verdéngt a Féierung gaangen. De Boetius huet de Ball op de fräie Quaison am Strofraum ugespillt, deen dann ouni Problemer d’Lokalekipp a Féierung brénge konnt. Zum Schluss vun der éischter Hallschent hin ass Hoffenheim besser an de Match komm, mam 1:0 fir Mainz ass et dann awer an d’Paus gaangen.
Nom Säitewiessel huet Hoffenheim den Drock erhéicht an hat nieft dem Ballbesëtz och déi besser Chancen. An der 62. Minutt ass dann de Gol dee sech ugedeit hat dann och gefall, wéi de Bebou dem Golkipp aus kuerzer Distanz keng Chance gelooss huet. 10 Minutte viru Schluss huet de Geiger dann nach déi Rout Kaart gesinn, wéi hien dem Onisiwo vun hannen an d’Been gaangen ass. An Iwwerzuel ass et Mainz awer net méi gelongen e weidere Gol ze schéissen a sou bleift et um Enn beim 1:1.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Southampton - Manchester United 2:3
1:0 Bednarek (23'), 2:0 Ward-Prowse (33'), 2:1 Bruno Fernandes (59'), 2:2 Cavani (74'), 2:3 Cavani (90+2')
Manchester United ass gutt an de Match komm an huet Southampton fréi ënner Drock gesat. Duerch e Corner ass awer d’Lokalekipp mat 1:0 a Féierung gaangen, wéi de Bednarek an der 23. Minutt mam Kapp op der Plaz war. Ronn 10 Minutte méi spéit ass iwwerraschend dann den 2:0 gefall. De Ward-Prowse konnt mat engem direkte Fräistouss erhéijen a sou ass et mat engem 0:2-Réckstand fir d’Gäscht an d’Paus gaangen.
An der zweeter Hallschent krut sech ManUtd dann awer fir den Engagement belount. No enger gudder Stonn huet de Cavani de Ball op de Bruno Fernandes bruecht, deem da mat engem flaache Schoss op 1:2 verkierze konnt. Am weidere Spillverlaf huet sech den 2:2 ëmmer méi ugedeit a sou ass dësen och an der 74. Minutt duerch de Cavani gefall. Manchester hat awer nach net genuch domat an huet weider Drock gemaach. An der zweeter Minutt vun der Nospillzäit war et dann eng weider kéier de Cavani, dee mat sengem zweete Gol vum Dag déi verdéngte Victoire fir d’Gäscht awer nach séchere konnt.
Chelsea - Tottenham 0:0
Arsenal - Wolverhampton 1:2
0:1 Neto (27'), 1:1 Gabriel (30'), 1:2 Podence (42')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
AC Mailand - Florenz 2:0
1:0 Romagnoli (17'), 2:0 Kessie (28')
No engem Corner huet sech de Kessie am Loftduell duerchgesat a sou konnt de Romagnoli an der 17. Minutt de Gol zur Féierung fir den AC Mailand schéissen. Florenz huet direkt probéiert eng Äntwert ze fannen, huet kuerz drop dann awer den nächste Réckschlag missen astiechen. Nodeems de Pezzella säi Géigner am Strofraum zum Fale bruecht huet, ass op Eelefmeter fir d’Lokalekipp entscheet ginn. De Kessie ass ugetrueden an huet sou op 2:0 erhéicht. Virun der Paus ass et dann e weideren Eelefmeter fir Mailand ginn, ma eng zweete kéier sollt et dem Kessie net gelénge fir de Ball vum Punkt am Gol ënnerzebréngen.
Nom Säitewiessel hunn d’Haushäre sech dann op eng gutt Defense konzentréiert. Florenz hat dacks de Ball, wosst domat awer net sou richteg eppes mat unzefänken. Mailand konnt d’Féierung iwwert d’Zäit bréngen a séchert sech zum Schluss mat enger 2:0-Victoire dräi Punkte géint Florenz.
Neapel - AS Roum 4:0
1:0 Insigne (31'), 2:0 Ruiz (64'), 3:0 Mertens (81'), 4:0 Politano (86')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Lyon - Reims 3:0
1:0 Ekambi (22'), 2:0 Bruno (49'), 3:0 Dembele (66')
Metz - Brest 0:2
0:1 Cardona (12'), 0:2 Boye (64')
Monaco - Nimes 3:0
1:0 Diop (19'), 2:0 Martins (75'), 3:0 Volland (77')
St. Etienne - Lille 1:1
1:0 Khazri (33'), 1:1 Ikone (65')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
Barcelona - Osasuna 4:0
1:0 Braithwaite (29'), 2:0 Griezmann (42'), 3:0 Coutinho (57'), 4:0 Messi (73')
Barcelona huet vun Ufank un de Match bestëmmt a an ass no 29 Minutten duerch de Braithwaite verdéngt a Féierung gaangen. Osasuna krut sech géint eng staark Lokalekipp net gewiert a sou war et no ville Groussechancen de Griezmann, deen nach virun der Paus op 2:0 stelle konnt.
Am zweeten Duerchgang war Barcelona weider spillbestëmmend a mam Gol zum 3:0 duerch de Coutinho war ronn eng hallef Stonn viru Schluss de Match sou gutt wéi entscheet. De Messi konnt an der 73. Minutt eng weider kéier erhéijen an de Gol huet hien am Trikot vum kierzlech verstuerwene Diego Maradona gefeiert. Um Enn steet eng souverän Victoire fir den FC Barcelona géint Osasuna.
Getafe - Athletic Bilbao 1:1
0:1 Villalibre (9'), 1:1 Angel (75')
Real Sociedad - Villareal 1:1
0:1 Moreno (6'), 1:1 Oyarzabal 1:1 (33')