
Um Sonndeg ass den éischte Weekend vun de Réiser Päerdsdeeg op een Enn gaangen.
Déi wichtegst Prüfung, een S Sprangen, huet de Marcel Ewen am Stiechen um Chimaira gewonnen.
De Lëtzebuerger Christophe Wallerich gewënnt d'Stil E Sprangen op Queen May.
D'Connie Fraiture konnt sech d'Victoire mam Vikki an der Klass F&Z A** sécheren.
Déi Däitsch Reiderin Beate Schmitt konnt sech mam Caro an der L Prüfung a mam Candicci och an der F&Z M* duerchsetzen.