Internationale FuttballMarseille blaméiert sech géint Andrézieux aus der 4. Liga

RTL Lëtzebuerg
An der 1/32-Finall vun der Coupe de France blaméiert sech Olympique Marseille géint Andrézieux a verléiert mat 0:2.
© afp (Archiv)

Monaco dogéint huet et besser gemaach a gewënnt mat 1:0 géint Canet Roussillon mee konnt mat dësem Resultat och weiderhin net iwwerzeegen.

Primera Division

Am Topmatch vum 18. Spilldag a Spuenien gouf et de Match tescht dem 2., Atletico Madrid, an dem 3., FC Sevilla. Béid Ekippen hu sech näischt geschenkt an hu sech mat engem 1:1 getrennt. D’Goler hunn de Ben Yedder (37.’) an de Griezmann (45.’) geschoss.

FA Cup

Nierft Marseille gouf et an England eng ähnlech Blamage wéi a Frankräich a Leicester City verléiert mat 1:2 géint Newport County aus der 4. Divisioun.

Back to Top
CIM LOGO