
Um 21. Spilldag vun der éisträichescher Bundesliga ass et fir Austria Wien eng 1:0-Victoire géint de Wolfsberger AC ginn. De Marvin Martins stoung dobäi vun Ufank un um Terrain.
An Zypern gouf et fir den Tim Hall zwar ee Punkt, ma och eng Giel-Rout Kaart an der 91. Minutt. Am Match géint Olympiakos Nikosia, an deem de Lëtzebuerger an der Starteelef stoung, huet sech Ethnikos Achnas mat engem 0:0 d’Punkte gedeelt.
Beim 1:1 tëscht dem 1. FC Heidenheim an dem SV Sandhausen ass de Maurice Deville net zum Asaz komm. Duerch de Punktegewënn huet d’Ekipp vu Sandhausen d’Relegatiounsplaz an der 2. Bundesliga verlooss.
Beim FC Jammerbugt an der zweeter dänescher Liga ware bei der 1:2-Defaite géint den HB Koge dräi Lëtzebuerger zum Asaz komm. De Farid Ikene huet an der 62. Minutt déi Giel-Rout Kaart gesinn, den Diogo Pimentel huet de ganze Match duerchgespillt an de Yan Bouché gouf an der 68. Minutt agewiesselt.
An der hollännescher Eredivisie huet Sparta Rotterdam mat 1:2 géint de PSV Eindhoven de Kierzere gezunn. De Laurent Jans war an der 68. Minutt op den Terrain komm an och de Mica Pinto gouf ronn zéng Minutte viru Schluss agewiesselt.
Fir den UD Vilafranquense gouf et an der zweeter portugisescher Liga näischt ze huelen. Bei der 0:1-Defaite géint den SC Farense ass den Eric Veiga an der Paus op den Terrain komm.
An der griechescher Super League 1 huet den OFI Kreta sech dann nach misse mat 0:2 geschloe ginn. Géint de Favorit Olympiakos Piräus war de Vahid Selimovic de ganze Match am Asaz.
An der ieweschter Liga an der Belsch huet Royale Union St-Gilloise mam Anthony Moris doheem beim 0:0 géint KAS Eupen Plomme gelooss. De lëtzebuergesche Golkipp stoung wéi gewinnt de ganze Match laang um Terrain.
Den Danel Sinani konnt mat Huddersfield eng weider Victoire an der 2. englescher Liga feieren. Mat 2:0 konnt sech d’Ekipp vum Lëtzebuerger, deen an der 77. Minutt agewiesselt ginn ass, bei Birmingham City duerchsetzen.
An der Bundesliga gouf et fir Mainz mam Leandro Barreiro eng 1:3-Defaite bei Union Berlin. De Lëtzebuerger souz déi 90 Minutten iwwer op der Bänk.
Köln ass bei Greuter Fürth iwwerdeems net iwwer en 1:1 erauskomm. De Mathias Olesen op Säite vun de Kölner stoung net am Kader.
An Däitschland gouf et an der 3. Liga eng 4:2-Victoire fir Magdeburg mam Eldin Dzogovic, deen net am Kader stoung, géint d’Würzburger Kickers. Dem Lëtzebuerger seng Ekipp bleift domadder mat 14 Punkten Avance Tabelleleader.
An der Slowakei huet Sered mam Edin Osmanovic duerch zwee Goler an der Nospillzäit mat 2:1 géint Zlate Moravce-Vrable gewonnen. Den Osmanovic huet 90 Minutte laang op der Bänk Plaz geholl.
A Russland huet de Christopher Martins mat Spartak Moskau am Derby géint ZSKA Moskau mat 0:2 de Kierzere gezunn. De Lëtzebuerger stoung de ganze Match iwwer um Terrain.
De Veräin vum Dirk Carlson hätt an der 2. Bundesliga no véier Defaiten hannerteneen nees eng Victoire feiere kënnen, an dat beim aachtplacéierte Paderborn, mee duerch zwee Goler an der Nospillzäit fir d’Haushäre gëtt um Schluss just ee Punkt.
Nodeems Paderborn an der éischter Hallschent den 1:0 markéiere konnt, huet de Veräin aus Ostdäitschland bannent aacht Minutten (63.-71. Minutt) dräi Goler geschoss an de Match zu senge Gonschte dréine kënnen. An der Nospillzäit huet Paderborn nach eng Kéier alles no vir gehäit a gouf dofir belount. Aue ass virleefeg 17. an der Tabell, kann awer nach vun Ingolstadt iwwerholl ginn.
De Lëtzebuerger Nationalspiller stoung beim Gaaschtmatch an Ostwestfalen net am Kader, well hien am leschte Match géint Düsseldorf seng fënneft Giel Kaart an der Saison kritt hat.