Lëtzebuerger Futtballer am AuslandMarvin Martins an Tim Hall spillen 0:0 gläich

RTL Lëtzebuerg
An der 3. Liga war de Maurice Deville schonn e Samschdeg beim 0:0-Remis vu Waldhof Mannheim géint Würzburger Kickers 90 Minutten iwwer am Asaz.
© Pressphoto (Archiv)

Beim 0:0 tëscht Lviv a Karpaty Lwiw an der 1. ukrainescher Liga stoungen direkt 2 Lëtzebuerger déi komplett 90 Minutten iwwer fir d’Gäscht um Terrain. De Veräin vun de Lëtzebuerger Tim Hall a Marvin Martins bleiwen och no dësem Gläichspill Tabelleschlussliicht.

An der 3. Liga an Däitschland wollt den FC Ingolstadt, d’Ekipp vum Trainer Jeff Saibene, mat engem Erfolleg op déi 2. Tabelleplaz sprangen. Dat ass der Ekipp aus Bayern géint den Hallescher FC awer gelongen. Laang louch Ingolstadt mat 1:0 am Avantage, krut allerdéngs an de Schlussminutten nach den 1:1-Ausgläich geschoss. Elo steet een op der Tabelleplaz 5.

Beim 1:1 tëscht Apollon Limassol an APOEL Nikosia souz de Vahid Selimovic de komplette Match iwwer bei der Heemekipp op der Bänk.

An der däitscher Futtballbundesliga huet et laang no enger Victoire fir Mainz 05 doheem géint Fortuna Düsseldorf ausgesinn. De Leandro Barreiro stoung beim 1:1 bis d'90. Minutt fir d’Mainzer um Terrain.

Samschdeg

An der zweeter däitscher Bundesliga stoung den Dirk Carlson bei Karlsruhe an der Startformatioun mee huet no 20 Minutten opgrond vun enger Blessur missen ausgewiesselt ginn. Karlsruhe verléiert um Enn mat 1:3 géint Heidenheim.

An der 3. Liga an Däitschland war Mannheim bei de Würzburger Kickers zu Gaascht. De Maurice Deville stoung de ganze Match iwwer um Terrain an um Enn geet de Match mat engem 0:0 op en Enn.

Freideg

Mam Laurent Jans an dem Gerson Rodrigues waren e Freideg den Owend zwee Spiller aus der Lëtzebuerger Nationalekipp mat hire Veräiner am Ausland am Asaz.

An der däitscher Bundesliga huet Paderborn mam Laurent Jans 1:2 géint den 1. FC Köln verluer. De Lëtzebuerger stoung déi 90 Minutten iwwer um Terrain.

Am tierkesche Championnat huet och de Gerson Rodrigues mat senger Ekipp verluer. No 90 Minutten huet Ankaragücü sech misse mat 1:2 bei Besiktas Istanbul geschloe ginn. De Rodrigues huet de Match duerchgespillt. Ankaragücü steet an der Tabell op der zweetleschter Plaz.

Net am Asaz war e Freideg den Owend den Enes Mahmutovic. De Lëtzebuerger stoung bei der 0:3-Defaite vu Maastricht beim Excelsior Rotterdam net am Kader vun de Gäscht.

Back to Top
CIM LOGO