
An Däitschland ginn d’Bundesliga-Matcher trotz Warnunge wéinst dem Coronavirus weidergespillt, ob mat oder ouni Public ass bis ewell nach net gewosst. Bayern huet e Sonndeg de Mëtteg op alle Fall géint Augsburg 2:0 gewonnen.
Op der Insel gouf et iwwerdeems eng däitlech 4:0-Victoire fir Chelsea, ier am fréien Owend alles op den Derby vu Manchester tëscht United a City gekuckt. Hei konnte sech d’Red Devils duerchsetzen.
E Sonndegowend huet dann och nach de Leandro Barreiro mat Mainz 05 géint d’Fortuna vun Düsseldorf gespillt. A Frankräich ass et an spéiden Owend nach de Match tëscht Lyon a Lille, dem Veräin vum Lëtzebuerger President Gerard Lopez.
An Italien wënnt d’Juve de Spëtzematch géint Inter an a Spuenien muss Real sech mat 1:2 zu Sevilla geschloe ginn a verléiert domat d’Tabellespëtzt.
Mainz - Düsseldorf 1:1
1:0 Öztunali (62'), 1:1 Karaman (85')
Beim Duell tëscht Mainz 05 an der Fortuna vun Düsseldorf war de Leandro Barreiro vun Ufank u mat vun der Partie. De jonke Lëtzebuerger huet eng 1. Hallschecht um Terrain mat erlieft, an där keng Ekipp e Gol schéisse konnt. Et huet bis 2 Minutten no der Stonn gedauert, éier d’Mainzer mat 1:0 a Féierung goe konnten. Dono huet et laang esou ausgesinn, wéi wann d’Ekipp ronderëm de Lëtzebuerger Nationalspiller dësen Avantage iwwer d’Zäit brénge kéint, a dat war d’Rechnung ouni de Karaman gemaach. D’Fortune hu 5 Minutte viru Schluss den Ausgläich markéiert. De Leandro Barreiro gouf iwwerdeems an der 90. Minutt ausgewiesselt.
Bayern München - Augsburg 2:0
1:0 Müller (53'), 2:0 Goretzka (90'+1)
Relativ more Kascht huet den däitsche Rekordchampion an den éischte 45 Minutten doheem géint Augsburg gebueden. Den FCA stoung kompakt hannendran an huet de Bayern d’Liewen am Ugrëff schwéier gemaach. Eng eenzeg nenneswäert Golgeleeënheet hat den FCB am 1. Duerchgang, dat duerch de Müller. Et goung mat engem 0:0 an d’Paus.
Den nämmlechte Müller, dee kuerz virun der Paus d’Chance op den 1:0 hat, huet kuerz nom Téi dann och fir d’Bayern de Score opgemaach. Den däitsche Knipser gouf mat engem laange Ball an der Spëtzt lancéiert an huet äiskal op 1:0 erageschäert. An der 89. Minutt huet de Niederlechner dunn de Ball am Münchener Filet ënnerbruecht, dëst allerdéngs aus enger Abseitspositioun eraus - et blouf also beim 1:0 fir den FCB. Si hunn an der Tabell elo als 1. véier Punkten Avance op den 2. Dortmund.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
De Santésminister vun Nordrhein-Westfalen huet um Sonndeg den Owend an der ARD-Talkshow Anne Will annoncéiert, dass hien de Recommandatiounen vum Bundes-Santésminister Jens Spahn a Punkto Preventioun vum Coronavirus wëll nokommen. Dat wëll heeschen, dass sämtlech Manifestatioune mat méi wéi 1.000 Leit virleefeg mol ofgesot ginn.
Dat betrëfft domadder och d‘Bundesliga-Matcher vun Equippen aus Nordrhein-Westfalen, déi domadder ënner Ausschloss vun der der Ëffentlechkeet gespillt ginn, ouni Fans am Stadion. Concernéiert wieren ënnert anerem d’Partien Gladbach-Köln e Mëttwoch, oder de Revéier-Derby tëscht dem BVB a Schalke e Samschdeg.
Eng offiziell Confirmatioun vum DFB oder de Veräiner soll um Méindeg kommen.
Man. United - Man. City 2:0
1:0 Martial (30'), 2:0 McTominay (90'+7)
Um fréie Sonndegowend war et de Manchester Derby tëscht United a City. D’Red Devils kënne jo och dës Saison nach net esou richteg iwwerzeegen, dofir wollt een op d’mannst géint den Titelverdeedeger vun der Premier League an de Konkurrent aus der nämmlechter Stad eng gutt Performance weisen. Op der Stonn konnt een dann och virum eegene Public mat 1:0 a Féierung goen.
Am 2. Duerchgang war City gefuerdert, fir d’Lach op de Leader Liverpool net nach méi grouss ginn ze loossen. Ma et waren awer d’Red Devils, déi an der 7. Minutt vun der Nospillzäit mam 2:0 de Sak definitiv zougemaach hunn. Liverpool huet als Tabelleleader elo 25 Punkten Avance op de Veräin vum Trainer Pep Guardiola.

Chelsea - Everton 4:0
1:0 Mount (14'), 2:0 Pedro (21'), 3:0 Willian (51'), 4:0 Giroud (54')
D’Blues si staark an de Match géint d’Toffees gestart, dat mat engem wonnerbare Gol vun der jonker Vedette Mount an engem Gol vum Spuenier Pedro. Nom Säitewiessel wollt d’Ekipp vum Trainer Carlon Ancelotti de Wee zeréck an de Match fannen. Dat hunn d’Blues awer net zougelooss, ma Géigendeel nach weider Goler markéiert. Um Enn konnte si sech op der Stamford Bridge souverän géint iwwerfuerdert Toffees behaapten.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Milan - Genua 1:2
0:1 Pandev (7'), 0:2 Cassata (41'), 1:2 Ibrahimovic (77')
Virun eidele Gradinen ass Milan doheem géint Genua ugetrueden. D’Spectateuren hu bei dëser Partie wéinst der Gefor vum Coronavirus net dierften an de Stadion. Ma d’Rossoneri hätten awer eng Ënnerstëtzung gutt kënne gebrauchen, well no den éischte 45 Minutte louche si mat 0:2 am Réckstand. Nom Säitewiessel war ferm gefuerdert, konnt awer, och nom 1:2-Uschlosstreffer vum “Ibra”, net méi an d’Partie zeréckfannen.

Juventus - Inter 2:0
1:0 Ramsey (55'), 2:0 Dybala (67')
Juventus Turin huet e Sonndeg den Owend de Spëtzematch an der Serie A mat 2:0 fir sech entscheet. An engem eidele Stadion war d’Juve einfach déi besser Ekipp an domat bleiwe si un der Spëtzt vun der Tabell. Hei hu si eng Avance vu just engem Punkt op Lazio Roum. Fir Inter ass et nom 1:2 géint Lazio déi zweet Néierlag hannerteneen an domat hu si als Tabellendrëtten elo schonns ee Réckstand vun 9 Punkten op de Leader Juve.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Lille - Lyon 1:0
1:0 Remy (33')
De Loic Remy konnt den eenzege Gol vum Match schéissen a séchert Lille domat eng ganz wichteg Victoire an der Course ëm déi europäesch Plazen. Do steet Lille elo nämlech op der 4. Plaz mat 49 Punkten, nëmmen 1 Punkt hannert dem 3. Rennes. Lyon fält iwwerdeems op d’Plaz 7 zeréck.
LINK Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
Betis Sevilla - Real Madrid
1:0 Sidnei (40'), 1:1 Benzema (45+3'), 2:1 Tello (82')
Duerch dës Néierlag verpasst Real Madrid de Sprong un d’Tebellespëtzt. Domat hu si elo 2 Punkte Retard op de Leader Barcelona.