
Fir den SC Paderborn an de Laurent Jans gouf et e Freideg den Owend an der däitscher Bundesliga mam 1:2 géint den 1. FC Köln déi 4. Néierlag noneen. De Veräi vum Lëtzebuerger Nationalspiller bleift domadder weiderhin op der leschter Plaz an der Tabell a riskéiert, datt de Réckstand de Weekend op déi direkt Géigner weider méi grouss gëtt. Fir Köln geet et dogéint vu Victoire zu Victoire, sou datt et ëmmer méi duerno ausgesäit, datt een och déi nächst Saison nach an der 1. Bundesliga mat dobäi ass.
De Laurent Jans stoung e Freideg den Owend déi 90 Minutten iwwer um Terrain. D’Goler hu fir Köln de Meré (28') an den Hector (36') geschoss, fir Paderborn huet de Srbeny (73') markéiert.
Mam Gerson Rodrigues war e Freideg den Owend nach ee weidere Lëtzebuerger mat sengem Veräin am Ausland am Asaz.
Iwwerdeems gouf an der Ligue 1 deen éischte Match wéinst dem Coronavirus verluecht. De PSG sollt de Weekend zu Stroossbuerg untrieden, ma dëse Match gouf elo ofgesot. Domadder ass fir d’Ekipp vum Tuchel d’Generalprouf fir de Retourmatch an den Aachtelsfinallen an der Champions League géint Borussia Dortmund den nächste Mëttwoch geplatzt.
SC Paderborn - 1. FC Köln 1:2
0:1 Meré (28'), 0:2 Hector (36'), 1:2 Srbeny (73')
De Match tëscht Paderborn a Köln hat kee ganz héijen Niveau. An den éischten 20 Minutten ass kaum eppes virun de Goler geschitt, bis dunn d’Gäscht an der 28. Minutt aus dem Näischt mat 1:0 a Féierung gaange sinn. Den Uth hat e Corner vum Kainz op den zweete Potto verlängert an do stoung de Meré komplett fräi, fir de Ball aus 2 Meter iwwert d’Linn ze drécken. Vill Zäit hat d’Lokalformatioun net, fir sech vum Réckstand ze huelen. Nëmmen 8 Minutte méi spéit huet et eng zweete Kéier gerabbelt. Dës Kéier hat den Hector de Ball aus 20 Meter an de rietse Wénkel gesat. Mat der verdéngter 2:0-Féierung fir den FC ass et an d’Paus gaangen.
An den zweete 45 Minutten huet Köln weider seng Linn duerchgezunn. D’Ekipp vum Baumgart huet dogéint bis déi 60. Minutt kee Mëttel fonnt, fir och emol eng Kéier virum géigneresche Gol geféierlech ze ginn. Hei hat de Vasiliadis dunn awer eng gutt Chance, ma huet net genuch draus gemaach. An der 73. Minutt ass een awer du fir d’Aarbecht belount ginn. De Srbeny huet fir Paderborn op 1:2 verkierzt. Kuerz viru Schluss hate Laurent Jans a Co. et nach bal fäerdeg bruecht, fir auszegläichen. Dem Sabiri säi Fräistouss konnt de Kölner-Kipper Horn nach esou just widder d’Lat deviéieren. Um Enn verléiert Paderborn trotz enger staarker Schlussphas mat 1:2 géint den 1. FC Köln a bleift um Wupp vun der Tabell, op enger direkter Ofstigsplaz.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Olympique Marseille - SC Amiens 2:2
1:0 Sanson (45+1'), 2:0 Payet (57'), 2:1 Guirassy Eelefmeter (83'), 2:2 Ghoddos (90+4')
LINK Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
Deportivo Alavés - FC Valencia 1:1
0:1 Parejo (34'), 1:1 Mendez (73')