
Wien stoung virun der Partie op der fënnefter Plaz an der Grupp, wou sechs Ekippen ëm de Championstitel ma och ëm déi international Qualifikatioune spillen. Auswäerts war ee bei Stuerm Graz den Underdog, well déi Grazer als Zweeten nach eng Chance op de Championstitel hunn. Ma d’Ekipp vum Lëtzebuerger Verdeedeger huet de Favorit grad déi éischt Hallschent richteg Ënner Drock gesat. No 45 Minutte war d’Ekipp aus der éisträichescher Haaptstad a Féierung, dat no zwee Goler vum Tabakovic an der 10. an 39. Minutten, de Sarkaria hat den tëschenzäitlechen 1:1 no 23 Minutte markéiert. Ma Graz sinn 2 Minutten nom Säitewiessel duergaangen, fir de Match ze dréinen. De Kiteishvili huet an der 62. op en Neits ausgeglach an den Sarkaria huet an der 63. seng Faarwen déi éischte Kéier an dësem Match a Féierung bruecht. Beim 3:2 fir d’Heemekipp ass et du bliwwen.