
3 Lëtzebuerger Futtballnationalspiller an der Gruppephas vun der Champions League, dat gouf et nach ni. Mat Gerson Rodrigues, Christopher Martins a Sebastien Thill ass dat awer dës Kéier de Fall. Och de RTL-Champions-League-Expert Paul Philipp weess, datt et eng grouss Premiere fir Lëtzebuerg ass.
“Mir si stolz dorop. Dat ass fir eise Futtball a fir eist Land eng grouss Reklamm”, sot de FLF-Präsident Paul Philipp.
De Gerson Rodrigues kritt et mat sengem Veräin Dynamo Kiew am Grupp E, ënnert anerem mat Bayern München an dem FC Barcelona ze dinn.
“Fir de Gerson ass et schonn déi zweete Kéier, datt hie mat Kiew an der Gruppephas ass. D’lescht Joer hate si och scho Barcelona am Grupp. Dës Kéier ass et nees eng haart Noss”, sou de Paul Philipp weider.
Bei de Bayern setzt jo mam Dino Toppmöller och en Mann mat op der Trainerbänk, dee mam F91 Diddeleng grouss Succeeë gefeiert hat. Bei Barca ass mam Miralem Pjanic am Moment jo nach e Spiller ënner Kontrakt, deen a senger Jugend de FLF-Trikot un hat. Kiew ass en Outsider, dat gëllt awer och am Grupp D fir Sheriff Tiraspol mam Sebastien Thill.
“Jo dat stëmmt, mä de Seba selwer, wat huet deen an de leschte Méint eng Karriär gemaach. Sheriff huet sech ëmmerhi géint Dynamo Zagreb fir d’Gruppephas qualifizéiert, dat jo och net egal wat ass”, esou de Paul Philipp.
Am Grupp F dierft d’Zil vun de Young Boys Bern an dem Christopher Martins sinn, fir op déi drëtte Plaz ze kommen, fir no der Gruppephas nach Europa League kënnen ze spillen.
“Manchester United wäert liicht Favorit sinn, Atalanta Bergamo ass och net einfach, a Villareal huet d’Europa League gewonnen”, sot de Paul Philipp.
De Favorit op d’Champions-League-Kroun dierft dës Saison definitiv de PSG sinn, esou de Paul Philipp. D’Gruppephas fänkt den Dënschdeg 14. September nees un. Wéi gewinnt kënnt Dir d’Champions League um RTL Zwee suivéieren.