Lëtzebuerger Futtballer am AuslandMathias Olesen eng Ronn am DFB-Pokal weider

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg stoung iwwerdeems de Gerson Rodrigues déi éischte Kéier fir säin neie Veräin um Terrain.
© AFP

E Méindeg den Owend war Köln am 1. Tour vum DFB-Pokal gefuerdert. No Verlängerung huet ee sech mat 3:1 beim VfL Osnabrück behaapt. No 90 Minutt stoung et 1:1 gläich. De Lëtzebuerger Mathias Olesen huet fir den FC de komplette Match duerchgespillt.

Sonndeg

Fir Sivasspor gouf et um 1. Spilldag vun der éischter tierkescher Liga een 1:1-Gläichspill géint Samsunspor. De Gerson Rodrigues ass op Säite vu Sivasspor an der 64. Minutt agewiesselt ginn an ass sou zu sengem Debut komm.

An der 1. Ronn vum DFB-Pokal huet Hansa Rostock nom 1:1 géint de Regionalligist FSV Frankfurt missen an d’Eelefmeterschéissen. Hei konnt d’Ekipp vum Sébastien Thill, deen net am Kader stoung, sech du mat 3:0 duerchsetzen.

An der norwegescher zweeter Liga gouf et um 18. Spilldag eng weider Victoire fir Kongsvinger mam Lars Gerson. Beim 3:1 géint Asane stoung de Gerson déi 90 Minutten iwwer um Terrain. Kongsvinger bleift domat weiderhin op der 1. Plaz an der Tabell.

An Éisträich huet Austria Wien bei RB Salzburg de Kierzere gezunn. D’Ekipp vum Marvin Martins huet sech um Enn mat 2:0 misse geschloe ginn. De Lëtzebuerger Nationalspiller stoung iwwerdeems opgrond vun enger Spär net am Kader vun Austria Wien.

Um 1. Spilldag vun der zweeter belscher Liga gouf et eng Victoire fir Francs Borains. Dem Alessio Curci säin neie Klub konnt sech mat 3:1 bei Zulte Waregem duerchsetzen. De Lëtzebuerger ass an der 88. Minutt agewiesselt ginn.

Samschdeg

Mainz mam Leandro Barreiro ass an der éischter Ronn vum DFB-Pokal mat Elversberg op ee schwéiere Géigner getraff. Den Zweetligist huet de Mainzer d’Liewe schwéier gemaach, ma um Enn konnt een d’Partie duerch een Eelefmeter mat 1:0 fir sech entscheeden. De Barreiro huet de Match ugefaangen a gouf réischt an der Nospillzäit vum Terrain geholl.

Donieft hat St. Pauli beim 5:0 géint Atlas Delmenhorst keng Problemer, woumat och d’Hamburger souverän an déi nächst Ronn agezu sinn. Den Danel Sinani stoung an der Startformatioun an ass no 63 Minutten ausgewiesselt ginn.

An der Belsch huet d’Union Saint-Gilloise och den drëtte Match vun der neier Saison fir sech entscheede kënnen. Beim däitleche 5:1 géint Oud-Heverlee Leuven huet den Anthony Moris zwar fir déi éischte Kéier dës Saison mussen hannert sech gräifen, ma d’Ekipp vum Lëtzebuerger Nationalgolkipp steet awer un der Tabellespëtzt.

Bastia konnt um 2. Spilldag an der zweeter franséischer Liga déi éischt Victoire vun der Saison feieren. Géint Valenciennes huet sech d’Ekipp vum Florian Bohnert, deen de ganze Match gespillt huet, mat 3:0 duerchsetze kënnen.

An der 1. Liga an Ungarn gouf et fir Ujpest een 1:1-Remis géint Mezokovesd-Zsory um 3. Spilldag, woumat d’Ekipp vum Tim Hall an der neier Saison ongeschloe bleift. De Lëtzebuerger stoung bei Ujpest déi 90 Minutten iwwer um Terrain.

Freideg

E Freideg den Owend huet an der 2. Liga an Éisträich St. Pölten mam Dirk Carlson 0:1 géint den FC Liefering verluer. Den decisive Gol fir d’Gäscht hat den Atiabou schonn an der 14. Minutt geschoss. De Lëtzebuerger Nationalspiller stoung de komplette Match um Terrain. St. Pölten hat den éischte Match an dëser Saison gewonnen.

Back to Top
CIM LOGO