
Mat enger 3:2-Victoire géint de Moerser SC huet TUS Mondorf e Samschdeg den Owend de Championstitel an der 2. Volleyball-Bundesliga Nord perfekt gemaach. Bei TUS Mondorf spillt och de Lëtzebuerger Nationalspiller Max Funk. Hien ass Kapitän vun der Ekipp.