
De Maxime Chanot huet mam FC New York City 2:1 géint Nashville gewonnen. Den Ofwierspiller stoung 90 Minutten um Terrain an huet den 2. Gol fir seng Ekipp markéiert.
An der 3. däitscher Liga huet de Laurent Jans bei der 3:0-Victoire vu Waldhof Mannheim zu Rot-Weiss Essen wéi gewinnt de ganze Match duerchgespillt.
Kongsvinger huet sech mam Lars Gerson 2:0 géint Mjöndalen behaapt. De Lëtzebuerger huet den 2. Gol virbereet an de ganze Match um Terrain verbruecht.
De Vincent Thill gouf beim 2:0-Succès vun AIK Stockholm géint Hammerby an der 63. Minutt ausgewiesselt. No 2 Defaiten war et um 3. Spilldag den éischten Erfolleg fir dem Thill seng Ekipp.
Déi eenzeg Defaite um Sonndeg gouf et fir de Seid Korac mat Degerfors. An der schwedescher 1. Liga hu Korac a Co. zu Mjällby 0:2 verluer. De Lëtzebuerger huet de ganze Match duerchgespillt.
An Éisträich gouf et fir Austria Wien mam Marvin Martins en 3:3-Remis am Derby géint Rapid Wien. An enger animéierter Partie gouf et nieft de 6 Goler och op béide Säiten eng rout Kaart. De Martins stoung de ganze Match um Terrain.
Den Tim Hall huet an Ungarn mat Ujpest 3:2 géint Paks gewonnen a stoung dobäi 90 Minutten um Terrain.
Fir den Anthony Moris leeft et mat der Union Saint-Gilloise weiderhi gutt. De Golkipper stoung iwwer déi ganz Spillzäit tëschent de Pottoen an huet eng 2:1-Victoire géint Seraing gefeiert. Den Timothy Martin souz bei de Gäscht 90 Minutten op der Bänk.
Den Olivier Thill gouf bei der 0:1-Defaite vun Eyüpspor zu Göztepe an der Paus agewiesselt. De Mëttelfeldspiller konnt un der Néierlag awer näischt méi änneren.
Köln huet no intensiven 90 Minutten 1:1 géint Mainz gespillt. Ouni de Mathias Olesen, deen de ganze Match op der Bänk souz an och net agewiesselt ginn ass, huet Köln nom Réckstand vum Ajorque an der 17. Minutt de Score an der 51. Minutt duerch den Ljubicic konnten ausgläichen. An enger animéierter Schlussphase wou et hin an hier gaangen ass, hat de Leandro Barreiro an der 84. Minutt per Kapp d’Chance op d’Féierung, säi Kappball ass awer lenks laanscht de Gol gaangen.
An der zweeter däitscher Bundesliga huet Paderborn 3:0 géint Rostock gewonnen. Bei de Gäscht war de Sébastien Thill op en Neits net am Kader.
An der zweeter englescher Liga huet Blackpool mat 1:0 géint Wigan Athletic gewonnen. Bei Wigan war den Danel Sinani wéinst enger Blessur net am Kader.
Gladbach spillt um spéide Samschdeg Owend 1:1 zu Frankfurt. Bei de Fohlen feelt den Yvandro Borges aktuell wéinst enger Spronggelenkverletzung.
An der zweeter Liga a Frankräich gewënnt Bastia mat 3:0 géint Annec. De Florian Bohnert ass bei Bastia an der 85- Minutt agewiesselt ginn. Bastia steet an der Tabell no 31. Spilldeeg op der 5. Plaz.
An der 2. Liga an Éisträich huet den Dirk Carlson mat St. Pölten 0:0 beim Grazer AK gläichgespillt. De Lëtzebuerger gouf an der 82. Minutt agewiesselt.
St. Pölten steet mat 46 Punkten un der Spëtzt vun der Tabell. Linz huet als Zweete 45 Punkten an de Grazer AK kënnt op 44 Punkten.