
An der MLS an den USA konnt de Maxime Chanot mat New York City mat 2:0 géint den Tabellenéischten New England gewannen. De Lëtzebuerger stoung de ganze Match iwwer um Terrain a sinn elo 4. an der Tabell.
An der 3. Liga an Däitschland koum de Maurice Deville mat Saarbrécken net iwwert en 1:1 géint Würzburg eraus duerch e Gol vum Gouras (Saarbrécken) an der leschter Minutt. Den Deville gouf an der 79. Minutt agewiesselt.
An der 1. Schwäizer Divisioun koum et zum Topmatch tëscht dem FC Basel an de Young Boys Bern a béid Ekippen trenne sech mat 1:1. De Christopher Martins stoung de ganze Match iwwer um Terrain.
An Éisträich stoung den Derby tëscht Austria Wien a Rapid Wien um Programm. Béid Ekippen trenne sech no 90 Minutten mat 1:1 an de Marvin Martins stoung bei Austria Wien net am Kader.
An der Ukrain muss den Olivier Thill mat senger Ekipp Worskla Poltawa um 6. Spilldag vum Championnat dann och och déi éischte Néierlag astiechen. Worskla Poltawa verléiert duerch e spéide Géigegol mat 0:1 géint Luhansk. Den Thill huet de ganze Match gespillt.
An och den Enes Mahmutovic verléiert mat Lviv 0:1 géint de Stadkonkurrent Rukh Lviv. De Lëtzebuerger stoung vun Ufank un um Terrain.
Um Samschdeg Owend konnte sech an der éischter Belscher Divisioun den Anthony Moris a Saint-Gilloise ganz däitlech mat 4:0 géint de Standard Léck duerchsetzen. De Lëtzebuerger Nationalgolkipper stoung déi ganz 90 Minutten am Gol. Mat dëser Victoire steet Saint-Gilloise op mannst bis e Sonndeg op der 1. Plaz.
A Moldawien stoung de Sebastien Thill bei der 2:0-Victoire vu Sheriff Tiraspol 90 Minutten um Terrain. Domat huet Tiraspol aus 4 Matcher da 3 konnte wannen.
De Leandro Barreiro huet mat Mainz seng 2. Victoire an dëser Saison konnte feieren. Bei der 3:0 Victoire géint Fürth huet de Lëtzebuerger 90. Minutten um Terrain gestanen. Den Iwwerbléck vun der Bundesliga fannt Dir hei.
Den Danel Sinani huet an der 2. Liga an England mat Huddersfield eng 4:0-Victoire géint Reading konnte feieren. De Nationalspiller vun der FLF-Selektioun stoung vun Ufank un um Terrain, ass awer an der 62. Minutt beim Stand vun 2:0 ausgewiesselt ginn. Huddersfield steet no 5. Spilldeeg op der 4. Plaz an der Tabell.
De Gerson Rodrigues stoung an der Ukrain bei der 7:0 Victoire vu Kiew géint Kolos Kovalivka net am Kader.
An der 2. däitscher Bundesliga gouf et fir Erzgebirge Aue bei Holstein Kiel näischt ze radetten. D’Ekipp vun deenen zwee Lëtzebuerger Tim Kips a Dirk Carlson verléieren däitlech mat 0:3. Iwwerdeems de Tim Kips net am Kader stoung konnt den Dirk Carlson 90 Minutten duerchspillen. Kuerz viru Schluss krut den Defenseur dunn nach eng Giel Kaart gewisen. Aue bleift domat um Wupp vun der Tabell.
RTL-Informatiounen no ass de Jéngste vun deenen 3 Thill-Profie en Donneschdeg an d’Ukrain geflunn an huet en Freideg de Medizin-Check gemaach.
De Vincent Thill war bis virun 2 Wochen nach bei Nacional Funchal a Portugal ënner Kontrakt. An Zukunft spillen den Olivier an de Vincent Thill zesummen an der Ukrain bei Vorskla Poltava. Duerch seng Blessure a seng Operatioun un den Adducteure goufen et Divergenzen tëscht dem 21 Joer ale Lëtzebuerger Futtballnationalspiller a sengem portugisesche Veräin.
Fir de Veräin aus der zweeter portugisescher Liga huet de Vincent Thill an 19 Matcher 3 Virlage ginn.