BundesligaBayern léisst Hertha keng Chance

RTL Lëtzebuerg
Um Enn gewënnt Bayern München kloer mat 5:0 géint Hertha. Iwwerdeems klappt Leverkusen Augsburg a Mainz gewënnt mam Leandro Barreiro mat 3:0 géint Fürth.
© AFP

Eintracht Frankfurt huet 2 Punkten duerch e spéide Géigegol zu Bielefeld leie gelooss. Och an deenen aneren europäesche Championnater gouf gespillt, hei ka sech ënnert anerem Manchester City däitlech géint Arsenal duerchsetzen.

Eng geckeg 1. Hallschent hunn d’Spectateuren um 2. Spilldag an der Bundesliga zu Stuttgart erlieft. Nodeems d’Gäscht vu Freiburg no 28 Minutte schonn mat 3:0 a Féierung louchen, hätt e kéinte mengen de Drops wier gelutscht. De VFB Stuttgart huet sech awer net opginn a huet virun der Paus bannen 2 Minutten op 2:3 konnte verkierzen. Nom Säitewiessel huet Freiburg sech am Laf vum Match ëmmer méi zeréck gezunn an huet versicht de Virsprong iwwert Zäit ze retten, wat hinnen dann um Enn och sollt geléngen. Freiburg deemno mat 7 Punkten no 3 Matcher.

Mainz huet iwwerdeems no der Victoire um 1. Spilldag géint Leipzig och den zweete Match virun eegene Spectateure gewonnen. Am Match géint den Opsteiger Fürth, wou de Leandro Barreiro fir Mainz vun Ufank un um Terrain stoung, sinn zwee Goler bannen 3 Minutte vum Lucoqui (15') an dem Szalai (18') duergaange fir no 45 Minutte mat enger berouegender Féierung an d’Paus ze goen. Och nom Téi sollt Fürth net méi vill zouleeë kennen, sou dass Mainz duerch e weidere Gol an der Nospillzäit sech um Enn mat 3:0 duerchsetze kann.

Leverkusen huet zu Augsburg an der 1. Hallschent vun zwee Eegegoler profitéiert, dat vum Iago a Niederlechner. Augsburg ass wuel nach emol dru komm, sollt de Match awer net méi dréine kennen. Am Contraire. Leverkusen huet an der Schlussphase e Gang drop geluecht a gewënnt um Enn duerch zwee spéit Goler vum Schick a Wirtz verdéngt mat 4:1 zu Augsburg.

Zu Bielefeld huet et laang no engem Gol vum Hauge an der 22. Minutt laang no enger Victoire fir d’Gäscht vu Frankfurt ausgesinn, éier den Wimmer an der 86. Minutt mat engem super Gol aus ronn 16 Meter den 1:1-Ausgläich fir Bielefeld markéiere konnt, wat dann och d’Schlussresultat sollt sinn.

Iwerdeems huet zu Köln huet de Rhein-Energie Stadion an de Schlussminutten duerch zwee spéit Goler vum Schaub a Lemperle eng 2:1-Victoire fir Köln géint den Opsteiger Bochum konnte feieren.

E Samschdeg den Owend huet dunn nach Bayern München géint Hertha BSC Berlin gespillt. D’Lokalekipp ass fréi duerch e Gol vum Müller a Féierung gaangen. An der Suite vum Match huet den däitsche Meeschter alles ënner Kontroll gehalen a gewënnt um Enn souverän mat 5:0 géint Herta BSC. De Lewandowski huet dobäi 3 Goler fir seng Faarwe markéiert.

D’Statistike vun de Matcher

Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.

D’Klickt op de Match, fir d’Statistiken ze gesinn.

D’Tabell vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO