Sonndesinterview mam Sportexpert Dan Lorang"Mell dech, wann s du eppes erreecht hues am Liewen"

Christophe Hochard
De Lëtzebuerger Dan Lorang schafft als Erfollegstrainer an Däitschland. Jan Frodeno oder Peter Sagan sinn nëmmen zwee Nimm vu Spëtzesportler, mat deenen hie geschafft huet.
Sonndesinterview mam Sportexpert Dan Lorang
De Lëtzebuerger Dan Lorang schafft als Tainer an Däitschland an huet ënner anerem de Jan Frodeno an de Peter Sagan trainéiert.

Den Dan Lorang ass e Bielesser Jong, deen de 17. August 1979 op d’Welt koum an am Minett opgewuess ass. "Meng Famill wunnt nach zu Bieles. Zwee bis dräi Mol am Joer kommen ech op Lëtzebuerg meng Famill besichen. A si komme reegelméisseg hei bei eis an de Chiemgau." No der Spill- a Primärschoul goung et op Esch an de Meedercherslycée, de Lycée Hubert Clément.

"Ech hu weiderhin eng Bindung zu Lëtzebuerg. Ech hunn de Lëtzebuerger Pass an ech suivéiere weiderhin, wat do passéiert. Mee meng Liewenssituatioun huet sech sou entwéckelt, souwuel berufflech ewéi privat, datt ech no mengem Studium an Däitschland bliwwe sinn”, erzielt mir de Lëtzebuerger Erfollegstrainer.

"Ech konnt ëmmer vill lafen an hat e lénke Fouss"

A senger Fräizäit huet den Dan Lorang Futtball gespillt. Am Duerfveräin "FC The Belval Belvaux". “Mat 6 oder 7 Joer hunn ech beim Bielesser Club ugefaange mat spillen. Vun enger Karriär kann een net schwätzen". Sou den haitege Sportexpert. Dobäi laacht hie bis hannert d’Oueren. "Ech war och eng Kéier kuerz an der Südselektioun an hat e Prouftraining bei Borussia Dortmund. Dat mat der Ausdauer an dem lénke Fouss, dat war e Virdeel. Beim Fussball war et esou, du bass dohinner gaangen, den Trainer huet gesot, wat ee maache soll, a fäerdeg".

Vum Futtball an de Fitnessstudio

De Futtball huet dem Dan Lorang och ganz vill Spaass gemaach, mee du koum eng Stéierung beim Wuessen.

Den Dan Lorang am RTL Interview
Vum Fussball bei de Fitness an zum Trainer vun Heichleeschtungssportler

No sengem éischte Besuch am Fitnessstudio huet hie sech Bicher zu deem Thema kaaft a gekuckt, wat een do eigentlech alles maache kéint.

Vum Info- zum Sportstudium

Nom éischte Studiejoer an der Informatik op der "Technescher Universität München" huet den Dan Lorang op Bauingenieur gewiesselt. Do blouf hie bis zum Virdiplom. "Eréischt dunn hunn ech mäi Sportstudium ugefaangen. Ech hat schonn ëmmer eng Passioun fir de Sport. Ech hu gäre Sport gekuckt. Meng éischt Iddi war et da fir Sportsproff zu Lëtzebuerg ze ginn, well ech hat net geplangt an Däitschland ze bleiwen. Mee dat huet mech net esou richteg gereizt. Ech wollt nämlech selwer beim Sport dobäi sinn. Ewéi den Olympesche Spiller. Ech selwer hat elo net d'Talent, fir eng olympesch Medail ze gewannen an op där anerer Säit hunn ech ganz einfach ze spéit domadder ugefaangen. Awer d'Begeeschterung, deenen aneren Athleten ze hëllefen dohinner ze kommen, dat huet mech scho fréi gepaakt."

Dan Lorang am RTL Interview
Vum Informatik zum Sportstudium

Och dem Lëtzebuerger Sportwëssenschaftler seng Elteren hunn hire Jong an där Iddi ënnerstëtzt. "An dat war och déi eenzeg Méiglechkeet, fir dës Etuden ze finanzéieren. München war net bëlleg. Du hues eng Wunneng gebraucht, du hues do misse liewen an elo fir déi drëtte Kéier ze wiesselen. Vun Informatik bis bei de Sport brauchs du scho relativ vill Vertraue vun den Elteren, fir datt déi soen, do maache mir mat. Dat Vertrauen hat ech. An dat hunn ech dunn och bis zum Schluss duerchgezunn".

Ganz houfreg erzielt mir den Dan Lorang seng perséinlech Geschicht. Am Joer 2003 huet dëse Studium ugefaangen, dee 5 Joer gedauert huet. Tëschenduerch huet de Bielesser Jong e praktesche Stage an der Sportsmedezin gemaach. "Ech hu wärend mengem Studium scho vill Praxis gesammelt. Mat Athlete geschafft. Et war eng flott, intensiv Zäit, an där ech vill geléiert hunn".

"Als Vëlosfuerer zum Triathlon"

Als Vëlosfuerer koum den Dan och a Kontakt zu Triathleten. "Déi hu mir erzielt, si géifen owes nach lafe goen. Am beschten nach en Hallefmarathon. Ech selwer war scho midd vu mengem Vëlofueren an hu mech gefrot, wéi dat da funktionéiere soll. A wéi si mir dann nach erzielt hunn, datt si moies virun der Uni scho schwamme waren, do hat ech e lauter Fragezeichen am Gesiicht."

Duerch de Sportstudium koum de Kontakt mam Anne Haug.

De Lëtzebuerger Sportexpert am RTL Interview
Zesummenaarbecht vum Dan Lorang mat der Triathletin Anne Haug

Sou wéi d’Anne Haug am Triathlon gewuess ass, sou huet sech och dem Dan Lorang seng Karriär an dësem Sport entwéckelt. "Dat war mäi perséinleche Wee Richtung Leeschtungssport".

Jan Frodeno – Ironman Weltmeeschter 2015

De Lëtzebuerger gouf doduerch am Triathlon ëmmer méi bekannt a gouf 2012 däitschen Nationaltrainer am Triathlon. "Wéi ech an deem Joer op Saarbrécken koum, huet de Jan Frodeno en neien Trainer gesicht, fir säin nächste Schratt ze maachen. Hie wollt d'Distanz wiesselen. Vun der olympescher Distanz op Laangdistanz". An da koum eng bestëmmten Zeen an der Schwämm, déi den Dan Lorang ni vergiesse wäert.

RTL Sonndesinterview mam Dan Lorang
Wei koum den Dan Lorang a Kontakt mam Jan Frodeno?

Duerch seng Aarbecht als Nationaltrainer konnt den Dan Lorang vill Erfarunge sammelen.

Vum Triathlon bei de Vëlosport

Am Joer 2016 koum de Lëtzebuerger Trainer zum Profi-Vëlossport. Bei der Ekipp "Bora Hansgrohe" gouf hien engagéiert. De Ralph Denk, Manager vun der Ekipp, huet Trainere gesicht. "Meng Chance war, datt de Ralph Denk mam Jan Frodeno den eenzegen Triathlet kannt huet. Duerch seng Succèse war den Denk bereet, eppes Neits ze probéieren an en Triathlon Trainer z’engagéieren. Dat war meng grouss Chance".

Vu Joer zu Joer huet sech "Bora Hansgrohe" entwéckelt. 2019 war dës däitsch Ekipp déi zweet an der UCI World Tour. Zesumme mam Peter Sagan oder och engem Pascal Ackermann. Wärend 10 Joer huet den Dan Lorang fir dës World Tour Ekipp geschafft.

De Sportwëssenschaftler huet sech och ëm de Primoz Roglic an de Remco Evenepoel gekëmmert.

De Lëtzebuerger Trainer am RTL Gespréich
Mat bekannte Vëlossportler huet den Dan Lorang zesummegeschafft.

"Trainingsmethode bei engem Triathlon sinn änlech ewéi bei engem Vëlossportler. Et ass ofhängeg, wat fir en Typ vu Fuerer een huet. Ass et e Klassikerfuerer, e Sprinter oder ass et een, deen immens gutt am Contre-la-montre ass. E Contre-la-montre-Fuerer ass gutt mat engem Triathlet ze vergläichen. A wat och interessant ass: d’Perséinlechkeete si guer net esou verschidden. Du kanns aus enger Sportaart eppes mathuelen, wat s du och kanns an enger anerer Sportaart uwenden. En Aspekt aus dem Schwammtraining, deen s du mat an de Vëlossport hëls oder vum Vëlostraining eppes mat bei d’Lafen hëls. Dowéinst schaffen ech gären an anere Sportaarten. Wësse vun enger Sportaart mat an déi aner ze huelen. Do ginn et scho vill Parallellen".

"Ganz Saison liewe wéi e Mënch"

E Coureur vu viru 15 bis 20 Joer hätt net méi vill mat engem Coureur vun haut ze dinn. "Ganz Saison muss ee liewe wéi e Mënch. Op d’Ernärung oppassen, datt den Training leeft, deng Regeneratioun ëmmer super ass, gutt schlofen, net ze dacks krank ginn. Soubal een do Defaillancen huet iwwer e laangen Zäitraum, da bass du am Fong scho fort. Wann einfach nëmmen e bëssi eppes feelt, dann hues du keng Chance méi. D'Coursse si vill méi intensiv ewéi fréier. Méi séier. Do gëtt vill vun den Athleten ofverlaangt. Wann ee sech fir Leeschtungssport entscheet, soll ee sech nëmme bewosst maachen, wat dat heescht. Fir iwwert d’Ligne d’Arrivée ze fueren, gehéiert immens vill derzou. Et mécht och nëmmen da Sënn, wann s du wierklech bereet bass, dat ze maachen. Soss gëss du dobäi net glécklech. Wann s du 200 Deeg vun doheem fort bass an dir dat kee Spaass mécht, da gëtt et schwéier".

Kloer Wierder vum Lëtzebuerger Erfollegscoach Dan Lorang.

Head of Performance bei Lidl-Trek

Zanter dem 1. August 2026 ass den Dan Lorang bei enger neier Vëlosekipp, "Lidl-Trek", bei där den Andy Schleck den neie Manager ass. Als "Head of Performance" soll de Sportexpert d'Beräicher Nutritioun, den Training, Daten, Medezin an d’Recuperatioun am A behalen. "Mir iwwerleeën als Ekipp zesummen, wéi mir an der Performance besser kënne ginn. Ech soll kucken, wéi een déi Beräicher optiméiere kann. Och meng Erfarunge mat erabréngen, déi ech déi Jore virdru bei där anerer Ekipp gesammelt hunn". Do dernieft huet hien awer och nach en zweete Rôle. E "Performance Centre" gëtt opgebaut.

Den Dan Lorang am RTL Interview
Dem Dan Lorang seng nei Aarbecht bei Lidl Trek

Den Dan Lorang war dëst Joer beim Škoda Tour de Luxembourg dobäi. A freeën deet hie sech och op den nächsten Tour de France. Dräi Woche wäert hien awer net dobäi sinn. "Bei Trainingslageren a bei Coursse wäert ech awer ëmmer nees e puer Deeg meng Nues erastiechen. Et ass wichteg de Kontakt zu de Cyclisten ze hunn. Dat aus dem Büro eraus ze maachen, dat geet schlecht. Du muss awer och spieren, wéi geet et der Ekipp, wéi geet et dengem Staff. Dat geet awer nëmmen, wann s du sur place bass", sou nach den Dan Lorang wärend eisem Interview.

De gebiertegen Zolweraner ass houfreg drop, wat hie bis ewell erreecht huet. Um Enn huet den Dan Lorang mir awer nach eng Anekdot erzielt. Déi geet op den Ufank vu senger Trainerkarriär zréck.

Sonndesinterview mam Bielesser Dan Lorang
Wärend sengem Sportstudium huet den Dan Lorang eng kurieis Erfarung gemaach.

Eng gutt hallef Stonn huet eist Gespréich gedauert. An där Zäit huet ee gespuert, mat wat fir enger Freed a Begeeschterung den Dan Lorang seng Passioun, Trainer vun Héichleeschtungssportler, lieft.

Back to Top
CIM LOGO