BasketballMihailo Andjelkovic vum T71 hält mam Basket op

RTL Lëtzebuerg
Am Härebasket huet de Mihailo Andjelkovic sengem Veräin T71 Diddeleng iwwerraschend matgedeelt, datt hien d'Basketballsschong elo emol un den Nol hänkt.
© RTL-Archiv

De 24 Joer ale Spiller aus der Forge du Sud, deen och zum erweiderte Kader vun der Lëtzebuerger Nationalekipp gehéiert huet, wär “ausgelaugt” an hätt keng Motivatioun méi, esou déi Responsabel vum Club, fir déi et e weidere grousse Réckschlag ass. Den 1,89 Meter grousse Guard war ee vun de Piliere beim T71.

Back to Top
CIM LOGO