
Wéi d'Bild mellt, géif de Vertrag vum Klose, deen aktuell U-17 Trainer bei de Bayern ass, am Summer auslafen. Dono kéinten d'Bayern hien op de Poste vum Co-Trainer bei de Profien befërderen.
Fir de Klose selwer ass dëst wuel eng eescht Optioun, hien hätt awer d'Entscheedung nach net geholl. De Flick selwer soll sech dofir asetzen, datt de fréiere Weltmeeschter dëse Poste ka kréien.