Lëtzebuerger Futtballer am AuslandMoris, Malget an Turpel bei 3:1-Succès mat vun der Partie

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg kruten de Gerson Rodrigues bei Dynamo Kiew an de Vahid Selimovic bei Appollon Limassol keng Asazzäit.
© pressphoto

Sonndeg

Beim 3:1-Succès vu Virton an der 2. belscher Liga waren um Sonndeg 3 Lëtzebuerger am Asaz. Den Anthony Moris huet d’Partie vun Ufank u bestridden iwwerdeems de Kevin Malget an den Dave Turpel agewiesselt goufen. Virton ass elo den 1. an der Tabell.

An der Ukrain koum de Gerson Rodrigues net an den Asaz. De Lëtzebuerger Nationalspiller souz beim 4:0-Succès vun Dynamo Kiew géint Lwiw déi komplett Partie iwwer op der Bänk. D’nämmlecht ass et dem Vahid Selimovic gaangen. Bei der 3:0-Victoire vun Appollon Limassol an der 1. zypriotescher Liga géint Paralimni krut de Lëtzebuerger keng Spillzäit vu sengem Trainer.

Samschdeg

A Schweden huet de Lars Gerson, deen an der 58. Minutt mat der gieler Kaart verwarnt gouf a de ganze Match iwwer um Terrain stoung, 2:2 gläich géint Djurgarden gespillt.

Bei der batterer 0:8-Néierlag vu Mainz zu Leipzig souz de Leandro Barreiro déi komplett Spillzäit iwwer op der Bänk.

Lille, mat sengem President Gerard Lopez, war an der franséischer Ligue 1 géint Marseille ënnerleeën. De LOSC huet mat 1:2 de Kierzere gezunn.

No dem flotten Exploit vum 1. FC Kaiserslautern an der Woch an der däitscher Coupe géint Nürnberg, stoung e Samschdeg den Alldag an der 3. däitscher Liga um Programm. Déi Rout Däiwele sinn am eegene Stadion mat engem 1:1 an d’Paus gaangen, hunn d’Partie an der 2. Hallschecht awer aus der Hand ginn. Um Enn stoung eng 2:3-Defaite fir de Veräin vum Lëtzebuerger Geschäftsmann Flavio Becca géint d’Würzbuger Kickers um Tableau.

De Maurice Deville war mat Waldhof Mannheim doheem géint Unterhaching gefuerdert. D’Ekipp aus Süd-Däitschland huet sech mat enger 3:0-Victoire zu Mannheim déi 1. Plaz an der Tabell geséchert. De Lëtzebuerger stoung bei dëse Néierlag déi komplett Spillzäit iwwer um Terrain.

Iwwert een 3:0-Erfolleg konnt sech iwwerdeems den Trainer Jeff Saibene freeën. De Lëtzebuerg war mat Ingolstadt géint den direkte Konkurrent aus Braunschweig gefuerdert an huet do vun Ufank un ze iwwerzeege gewosst.

Am ukrainesche Championnat stounge mam Tim Hall a Marvin Martins zwee Lëtzebuerger bei Karpaty Lwiw iwwer 90 Minutten um Terrain. Si hu sech däitlech mat 0:3 géint Schachtar Donezk geschloe ginn.

An der 2. däitscher Futtball-Bundesliga huet um 12. Spilldag de Karlsruher SC, bei deenen de Lëtzebuerger Dirk Carlson 90 Minutten op der Bänk Plaz geholl huet, mat 1:2 zu Hamburg géint den FC St. Pauli verluer.

Um 15. Spilldag an der ieweschter Futtballdivisioun a Russland war den Olivier Thill fir den FK Ufa de komplette Match iwwer um Terrain. De Lëtzebuerger Nationalspiller war mat sengem Club no den éischte 60 Minutte mat 0:1 géint Lok. Moskau hannen, konnt awer an der 2. Hallschecht den 1:1 markéieren, dat op Eelefter hin. Den 1:1-Remis war dann och d’Schlussresultat.

Freideg

Fir de Vincent Thill gouf et mat Orléans e Freideg den Owend an der franséischer Ligue 2 eng 1:2-Néierlag géint Caen. De Lëtzebuerger Nationalspiller huet vun Ufank u gespillt, ass awer an der 63. Minutt ausgewiesselt ginn. An der 34. Minutt krut hie Giel.

De Laurent Jans huet e Freideg den Owend säin alleréischte Bundesliga-Asaz gehat, dat beim 0:3 géint Hoffenheim. De Lëtzebuerger Nationalspiller ass an der 46. Minutt erakomm.

RTL-News: Bundesliga - Souverän Victoire fir Hoffenheim beim 1. Bundesliga-Match vum Laurent Jans Den Enes Mahmutovic souz bei der 3:2-Victoire vu Maastricht 90 Minutte laang op der Bänk.

Back to Top
CIM LOGO