
Nodeems d’Allersmatcher an der Champions-League-Véierelsfinall en Dënschdeg an e Mëttwoch gespillt goufen, stoungen en Donneschdeg déi éischt Matcher an der Europa-League-Véierelsfinall virun der Dier. Hei war mam Anthony Moris och e Lëtzebuerger am Asaz.
Leverkusen spillt doheem 1:1 géint d’Union Saint-Gilloise gläich. Feyenoord gewënnt 1:0 géint d’AS Roma. Manchester United spillt a leschter Sekonn onglécklech 2:2 géint Sevilla a Juventus gewënnt knapp mat 1:0 géint Sporting Lissabon.
0:1 Boniface (51'), 1:1 Wirtz (82')
D’Specatateure kruten eng flott éischt Hallschent an der BayArena ze gesinn. Béid Ekippen hu monter opgespillt a mat voller Vitesse no vir gespillt, soudatt allebéid sech eng sëllege Chance kreéiere konnten. No eng hallwer Stonn gouf et du Chancen am Minuttentakt. Esou konnt sech an der 28. Minutt de Boniface géint déi ganz Leverkusener Defense duerchsetzen an e Schoss a Richtung Gol ofsetzen. Mä de Leverkusener Golkipp konnt de Schoss an de Corner deviéieren. Dëse Corner huet dunn fir déi nächst Grousschance fir d’Union Saint-Gilloise gesuergt. Dëse gouf nämlech vum Tah geféierlech un d’Lat ofgefälscht. An der 30. Minutt hat den Diaby mat sengem fulminante Schoss d’Méiglechkeet, fir de Score op 1:0 ze stellen. Allerdéngs huet säi Schoss de Gol ëm Zentimeter verfeelt. Kuerz virun der Paus huet de jonke Fransous et nees mat engem Distanzschoss probéiert, mä och dëse sollt nieft dem Gol aschloen, soudatt de Moris am Gol vun der USG net huet missen agräifen. Deemno ass et mat engem 0:0 an d’Paus gaangen.
Nom Téi hunn d’Gäscht aus der Belsch opgedréint an zilorientéiert no vir gespillt. Esou gouf de Boniface an der 51. Minutt schéi vum Teuma ugespillt. Den Nigerianer am Trikot vun der USG huet net laang gezéckt an huet a Richtung laangen Eck ofgezunn. De Hradecky am Gol vun de Leverkusener huet sech nach eng Kéier laang gemaach, mä et war ëmsoss. De Ball ass zum 1:0 fir d’Gäscht ageschloen. Duerno hat ee sech eng Reaktioun vu Leverkusen erwaart, mä déi ass eng laang Zäit ausbliwwen. Zwar hu si sech déi eng oder aner Occasioun erausgespillt, mä um Enn goufen dës ëmmer wéinst Abseits zréckgepaff. An der 82. Minutt sollt Leverkusen dunn deen éischte richtege Schoss a Richtung Gol vum Moris ofsetzen an dëse war dunn och direkt dobannen. Et war de Wirtz, deen de Ball onhaltbar fir de Moris am Filet ënnerbrénge konnt. Doropshin hu béid Formatiounen nach eng Kéier probéiert den entscheedende Gol ze markéieren, mä et sollt kenger Ekipp geléngen, soudatt den Arbitter beim Stand vun 1:1 ofgepaff huet.
1:0 Wieffer (54')
An engem ëmkämpfte Match ka sech Feyenoord Rotterdam mat 1:0 géint d’AS Roma duerchsetzen. De Match war net vu ville Golchance gepräägt, mä allebéid hu se alles ginn a se hu mat alle Mëttele gekämpft, déi si zur Verfügung haten. Obschonns d’AS Roma en Eelefmeter an der 43. Minutt verschoss huet, konnt een net soen, datt de Favorit aus Italien besser am Match war, wéi d’Ekipp aus der hollännescher Hafestad. Dës hunn an der zweeter Hallschent eng Kéier kuerz opgedréint an duerch e wonnerschéine Volley-Gol vum Wieffer den 1:0 markéiert. Dëse Virsprong hu si mat Mann a Maus verdeedegt an haten esouguer duerch de Kökcü an der 76. Minutt d’Chance op 2:0 ze erhéijen. Allerdéngs huet dem Tierk säi Schoss de Gol verfeelt. Um Enn gewënnt Feyenoord net onverdéngt, soudatt d’AS Roma am Retourmatch ferm ënner Drock steet, fir eng Ronn weiderzekommen.
1:0 Sabitzer (14'), 2:0 Sabitzer (21'), 2:1 Malacia (84', Eegegol), 2:2 Maguire (90+2', Eegegol)
Manchester United huet direkt mat vollem Asaz ugefaangen an huet probéiert d’Spuenier ze iwwerraschen. Dëst ass hinnen och gelongen: Esou louch de Ball schonn no der éischter Minutt am Filet vum Bono am Gol vu Sevilla. Allerdéngs huet dëse wéinst enger Abseitspositioun net gezielt. An der 14. Minutt sollt sech Manchester United dunn allerdéngs fir hir Méie belounen. De Bruno Fernandes huet de Sabitzer schéin an Zeen gesat, deen de Ball ouni Problemer zum 1:0 am Gol ënnerbruecht huet. Dësen huet och an der 21. Minutt, no enger staarker Viraarbecht vum Martial, de Score op 2:0 erhéicht. Mat dësem Resultat sollt et dunn och an d’Paus goen.
Nom Téi war d’Lokalekipp déi besser Ekipp, allerdéngs hu si eng sëllege Kéiere verpasst fir d’Entscheedung ze suergen. Virun allem de Martial hätt an der 61. Minutt mat sengem Schoss den 3:0 markéiere missen. Allerdéngs huet dëse just de Potto getraff. Duerno ass net méi vill geschitt, bis datt ManU sech an der 84. Minutt selwer en Ee an d’Nascht geluecht huet. Et war de Malacia deen de Ball am eegene Gol ënnerbruecht hat. Duerno huet Sevilla nach eng Kéier probéiert, den Ausgläich ze markéieren, allerdéngs stoung Defense vun de Red Devils stabil. An der Nospillzäit koum et dunn awer knëppeldéck fir Manchester. An der 92. Minutt gëtt de Maguire vum En-Nesyri ugeschoss, soudatt hien de Ball zum 2:2 onglécklech an den eegene Gol offälscht. Mat dësem Resultat sollt et dunn och op en Enn goen.
1:0 Gatti (73')
Ouni Goler ass et am Match tëscht der aler Damm aus Turin a Sporting Lissabon an d’Paus gaangen. Hei huet d’Juve zwar staark ugefaangen a sech eng sëllege Chance kreéiert, mä am Laf vun der éischter Hallschent hunn d’Portugisen och ëmmer besser an de Match fonnt a sech déi méi kloer Chancen erausgespillt. No den éischten 30 Minutte war de Match ëmmer nees duerch Verletzungspausen ënnerbrach, soudatt de Spillfloss verluer gaangen ass an et mat engem gerechten 0:0 op den Téi gaangen ass.
Och déi zweet Hallschent war ëmkämpft an deelweis net vum allerhéchsten Niveau gepräägt. Et waren awer d’Gäscht aus Portugal, déi besser aus der Paus komm sinn an d’Lokalekipp ferm ënner Drock gesat hunn. Allerdéngs ass dobäi näischt Zielbares rausgesprongen. An der 73. Minutt sollt dunn den eenzege Gol am Match falen an dëst op de Säite vun der aler Damm. No engem Kuddelmuddel am portugisesche Strofraum no engem Corner, koum de Gatti un de Ball, deen de Ball zum 1:0 fir d’Lokalekipp verwandele konnt. Vun dësem Schock konnte sech d’Portugisen net méi erhuelen, soudatt d’Juve de Match mat 1:0 gewanne konnt.