
De Portugis war jo am November zejoert bei sengem Veräin Manchester United entlooss ginn, nodeems d’Resultater net wéi erwënscht waren. Zanterhier war e bei verschiddene Veräiner am Gespréich als neien Trainer.
Elo ass et dann awer d’Nouvelle, dass hie fir de Sender beIN Sports als Kommentator wäert schaffen. Lassgoe soll et schonn en Donneschdeg am Kader vum Asien-Cup. Duerno steet dann de Weekend de Londoner Derby um Programm mat Chelsea géint Arsenal.
Wéi d’Times mellt, géif hie pro Match 60'000 Pond verdéngen.