Internationale FuttballMünchen klappt Bremen um 1. Spilldag, Metz erkämpft sech Remis géint Marseille

RTL Lëtzebuerg
Duerch Goler vu Sané, Kane an Tel wënnt Bayern München auswäert mat 4:0 géint Werder Bremen. Den FC Metz an Olympique Marseille trenne sech 2:2.
© AFP

Bundesliga

Werder Bremen - FC Bayern München 0:4

Optakt vun der Bundesliga-Saison 2023/24 mam Match tëscht Werder Bremen an FC Bayern München. D’Bayern hunn dann och net laang gebraucht, fir an der neier Saison unzekommen, well schonn an der 4. Minutt huet de Sané den 1:0 fir d’Münchener geschoss.
Puer Minutten drop huet de Füllkrug de Ball no enger Flank vu lénks an de Gol vun de Bayern gekäppt... stoung dobäi awer am Abseits, wat och no Videobeweis esou bestätegt gouf.

Et blouf beim 1:0 fir d’Bayern bis zur Halbzeit.

No der Paus waren et déi Bremer, déi déi éischt Chancen haten. E Schoss vum Weiser goung wäit donieft, ma kuerz drop hat de Bettencourt eng gutt Chance, grätscht de Ball awer riets laanscht de Potto. Déi Bremer hunn awer weider Drock gemaach, an och de Füllkrug koum zu senger Chance. Säi Chance war awer net kadréiert.

An der 58. Minutt huet et fir d’Bremer Fans awer geheescht d’Loft unhalen. De Coman huet aus 16 Meter ofgezunn an de Ball ass widder de Potto gaangen. Dat war bal den 2:0 fir d’Bayern.

An der 61. Minutt hat den neie Mann an der Bayern-Offensiv eng gutt Geleeënheet säin 1. Gol am Trikot vun de Münchner ze schéissen. De Schoss vum Harry Kane konnt de Keeper Pavlenka awer laanscht de Potto deviéieren.

Et goung hin an hier... an nëmmen 2 Minutten drop hat de Stage op der anerer Säit mat engem Distanzschoss eng grouss Geleeënheet op den Ausgläich. Ma och hei war de Schoss nees net kadréiert genuch.

An der 74. Minutt huet den Harry Kane dann äiskal zougeschloen. No gudder Viraarbecht vum Davies huet de Kane aus knapp 16 Meter ofgezunn. De Ball gouf nach liicht ofgefälscht a goung ënne lénks an d’Netz. Domat stoung et 2:0 fir Bayern München.

An der 90. Minutt koum et nach méi batter fir Bremen. Ageleet vum agewiesselten Thomas Müller trëfft de Leroy Sané eng zweete Kéier an erhéicht op 3:0.

Ma si haten nach net genuch... och den agewiesselte Mathys Tel wollt sech nach an d’Scorer-Lëscht androen. D’Viraarbecht koum nees vum Davies. No 94 Minutte stoung et deemno 4:0 a kuerz drop gouf de Match ofgepaff.

Domat ass Bayern München den éischten Tabelleleader vun der neier Bundesliga-Saison. E Samschdeg si 6 Matcher an e Sonndeg nach emol zwee, fir dann den 1. Spilldag ofzeschléissen.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Ligue 1

FC Metz - Olympique Marseille 2:2

Um Freideg ass den 2. Spilldag vun der Ligue 1 agelaut gi mam Match tëscht dem FC Metz an Olympique Marseille. Metz hat um 1. Spilldag héich géint Stade Rennes verluer, iwwerdeems Marseille doheem géint Reims gewonnen hat.

© AFP

Marseille ass zu Metz no 14 Minutten duerch de Soglo mat 1:0 a Féierung gaangen.

An der zweeter Hallschent huet de Valentin Rongier an der 52. Minutt de virleefegen 2:0 fir den OM geschoss... Allerdéngs huet de Video-Schidsriichter sech ageschalt, wéinst engem méigleche Foul. Dat gouf dann och esou bestätegt, an et blouf beim 1:0 fir Marseille.

Vun der 58. Minutt u war den FC Metz an der Ënnerzuel. Den Ababacar Moustapha Lo krut déi rout Kaart no engem haarde Foul gewisen.

Olympique Marseille hat deen Ament eigentlech all d’Trëmp an der Hand, ma an der 65. Minutt konnt de Sabaly den 1:1 fir Metz markéieren. Säi Schoss gouf nach vun engem Verdeedeger liicht ofgefälscht an de Pau Lopez am Gol konnt just nach hannert sech gräifen, fir de Ball aus dem Netz ze huelen.

Déi Metzer hunn dunn hir zweet Loft kritt, a just 6 Minutte méi spéit konnt de Georges Mikautadze souguer op 2:1 fir Metz erhéijen an domat de Match komplett dréien, trotz Ënnerzuel.

De Match war awer nach net eriwwer a Marseille huet sech net geschloe ginn. Hir Beméiunge sollte sech dann och bezuelt maachen, well an der 82. Minutt konnt de Vitinha op 2:2 ausgläichen.

An der 96. Minutt hat den Aubameyang eng gutt Geleeënheet den 3:2 fir Marseille ze käppen, ma den Oukidja konnt paréieren.

Mat engem 2:2 Remis ass de Match no 100 Minutten ofgepaff ginn.

Marseille steet domat provisoresch op Plaz 1 vun der Tabelle an der Ligue 1, dat mat 4 Punkten. Den FC Metz steet op Plaz 13.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

Back to Top
CIM LOGO