
De Leader Déifferdeng huet sech an der éischter Hallschent géint Munneref schwéier gedoen. Et goung hin an hier um Terrain, och wann net de beschte Futtball gebuede gouf. Déifferdeng hat Pech mat den Ofschlëss, well virun der Paus hate si ee Mol de Potto an eng Kéier d’Lat getraff. Munneref dogéint hat just ee richtege Schoss op de Gol, an deen huet de Bekkouche an der 18. Minutt och laanscht de Ruffier bruecht. Well bei den Déifferdenger bis ewell d’Zilwaasser nach net gewierkt huet, konnt den Aussesäiter an dëser Partie dësen Avantage och an d’Paus retten.
Déifferdeng huet sech weider schwéier gedoen, fir aus dem Spill eraus e Gol ze schéissen. No engem Foul vum Millimono awer um Jorginho huet den Arbitter op Eelefmeter decidéiert. Déi Chance eleng géint de Golkipp huet de Costa Monteiro sech net huele gelooss an huet den Tabelleleader no 68 Minutten zeréck an de Match bruecht. E weider Gol sollt awer Kengem méi geléngen, esou datt et hei bei engem 1:1 bliwwen ass.
Et leeft net wierklech ronn fir d’Fola. Och an der éischter Hallschent auswäert bei Opsteiger aus der Nopeschstad Schëffleng hunn déi Escher keng richteg Léisunge fonnt. 20 Minutte laang war net vill um Terrain geschitt, bis du béid Ekippe sech e bësse méi zougetraut hunn. Schëffleng konnt méi Drock opbauen a sech dann och no 33 Minutten duerch de Besic belounen. Mat enger knapper Féierung goung et an d’Paus.
Mat der éischter gudder Chance an der zweeter Hallschent huet de Besic eng weider Kéier déi Schëfflenger feiere gelooss. Nodeem säin éischte Schoss geblockt gouf, lant de Ball dem Stiermer nees an de Féiss an den zweete Versuch huet hien du genotzt, fir op 2:0 z’erhéijen. D’Fola koum an der 75. Minutt duerch e Gol vum Lahrach nach eng Kéier bäi, ma de Marques huet an der Nospillzäit alles kloer gemaach, wéi hien den 3:1 fir Schëffleng geschoss huet, wat och d’Schlussresultat vun der Partie sollt sinn.
Den Iwwerbléck vun de Resultater mat de Goler
FC Déifferdeng 03 - US Munneref 1:1
0:1 Bekkouche (18'), 1:1 Costa Monteiro (68')

F91 Diddeleng - UN Käerjeng 97 4:1
1:0 Van Lingen (17'), 2:0 Hadji (28'), 3:0 Hadji (37'), 4:0 Hadji (57'), 4:1 Boutrif (90'+2)

Jeunesse Esch - FC Monnerech 0:1
0:1 Soares (64', sg)

Marisca Miersch - Racing FC 2:2
1:0 Bresch (18',p), 1:1 Muratovic (28',p), 2:1 Ferretti (63'), 2:2 Muratovic (89',p)

FC Schëffleng - Fola Esch 3:1
1:0 Besic (33'), 2:0 Besic (58'), 2.1 Lahrach (75'), 3:1 Marques (90'+4)

Union Titus Péiteng - Progrès Nidderkuer 2:2
1:0 Steinmetz (11'), 2:0 Merk (33'), 2:1 Jarmouni (42'), 2:2 Sanali (82')

FC Victoire Rouspert - UNA Stroossen 0:3
0:1 Shala (35'), 0:2 Azong (43',p), 0:3 Perez (56')

Swift Hesper - FC Wolz 71 1:1
1:0 Prempeh (36'),1:1 Romeyns (62')

D‘Resultater am Iwwerbléck (Replay an Ticket)