VolleyballNei Proposen: wéi gesäit déi nächst Saison an der ieweschter Divisioun aus?

Franky Hippert
Déi Lëtzebuerger Volleyballfederatioun huet hire Clibb eng nei Propose geschéckt, wei déi nächst Saison an der ieweschter Divisioun soll ausgesinn.

Dat ass néideg ginn, nodeems de Volley 80 Péiteng seng Härenekipp, och duerch d’finanziell Konsequenze vum Coronavirus, huet misse fir d’nächst Saison aus dem Championnat zeréckzéien. D’iewescht Divisioun soll awer zu 8 Ekippe bleiwen.

Dofir steigt dann elo awer déi bescht éischt Ekipp aus der zweethéchster Divisioun op. An enger éischter Phas war dat net consideréiert ginn, well op den zwou éischte Plazen an der zweethéchster Divisioun just Zweetekippen an der Tabell stoungen.

RTL-Artikel: VC80 Péiteng huet vun nächster Saison u keng Härenekipp méi

PDF: Communiqué vun der Lëtzebuerger Volleyballfederatioun (25.4.2020)

Back to Top
CIM LOGO