
En neie nationale Rekord fir d’Vera Bertemes op der Distanz iwwer 10 Kilometer. D’Lëtzebuergerin huet déi 10 Kilometer op der Prom’ Classic Course zu Nice an 33 Minutten an 37 Sekonnen absolvéiert. Si huet domadder hiren eegene Rekord op der Strooss ëm 9 Sekonne verbessert.
Bei den Häre war de Gil Weicherding de séierste Lëtzebuerger, dat mat enger Zäit vun 29min42. Hei läit de Rekord aktuell bei 28min25, gelaf vum Ruben Querinjean am Mäerz 2025 zu Lille.