
Mat dräi Joer huet seng Mamm hie schonns op d'Päerd gesat.Seet den 28 Joer jonken Nicolas Wagner am RTL-Interview.
Reide mécht hien zënter dass hien denke kann.Fir hien ass et eng Éier,Lëtzebuerg am Summer zu Tokio bei den Olympesche Spiller als sEenzelreider an der Dressur ze vertrieden.Als Team hat Lëtzebuerg bei der Europameeschterschaft zu Rotterdam d'Chance verpasst,fir och op Tokio ze goen.
Mat sengem Päerd Quater Back Junior FRH hätt hien dëst Joer gutt Resultater gemaach,déi d'Qualifikatioun erklären. Hie géif an enger B-Liga bewäert ginn,wou hien 2019 dee Beschte war.
Eigentlech bréicht hien och net méi op eng offiziell Confirmatioun ze waarden.Dat lescht Turnéier wär laanscht an hie wär sécher zu Tokio dobäi.
De Nicolas Wagner huet säin Hobby zum Beruff gemaach.Seng Famill huet en eegene Reitstall. Si ziichten a bilde Päerd zu Ielwen (Elvange) (Biekerecher Gemeng) aus.
Dressurreiden ass seng Passioun.
De Wagner ass momentan 54. an der Weltranglëscht vun der Weltfederatioun FEI.