
E Sonndeg stoung am nationale Futtballchampionnat d’Suite vum 19. Spilldag um Programm. E Samschdeg ass Diddeleng zum Optakt net iwwert en 1:1 géint de Racing erauskomm.
Nidderkuer huet sech duerch eng 4:1-Victoire géint d’Fola d’Plaz un der Tabellespëtzt zréckgeholl. De Progrès war trotz enger Escher Drockphas kuerz virun der Paus duerch den Amofa a Féierung gaangen. Am zweeten Duerchgang huet Nidderkuer da weider opgedréint a wënnt no weidere Goler vum De Almeida (2) a Mazure verdéngt géint d’Fola Esch. De Virsprong op de Konkurrent vun Diddeleng läit no dëser Victoire bei zwee Punkten.
Zu Hesper konnt sech d’Lokalekipp mat 3:0 géint Déifferdeng behaapten an domat op déi drëtt Plaz an der Tabell sprangen. De Swift huet um Terrain zwar net dat grousst Spektakel gebueden, huet sech awer immens effektiv gewisen a louch no 45 Minutten duerch d’Goler vum Benamra an dem Mokulu Tembe a Féierung. Déi Déifferdenger hunn am zweeten Duerchgang keng Äntwert gewisen a fueren domat um Enn ouni Punkten Heem.
An der Partie tëscht Stroossen a Rouspert hu sech béid Ekippe mat engem 2:2 d’Punkte gedeelt. Spilleresch gouf et an der éischter Hallschent net vill ze gesinn, sou ass de Féierungsgol fir d’Gäscht vu Rouspert och duerch e schéine Fräistouss vum Moding gefall. Kuerz nom Säitewiessel stoung de Gaascht nëmmen nach zu 10 um Terrain, wat et fir d’Stroossener méi einfach gemaach huet. Nom Ausgläich an der 58. Minutt ass dann nach de Gol zur Féierung an der 91. Minutt gelongen, ma de Rossler huet kuerz drop nach fir den 2:2 gesuergt.
Op der Grenz huet sech d’Jeunesse no engem opreegende Match mat 4:3 géint Hueschtert duerchgesat. No fënnef Goler bannent den éischte 35 Minutte stoung et 3:2 aus der Siicht vun de Gäscht, déi sech ronn 10 Minutte virum Schluss dann awer nach en Eelfemeter gefaangen a mat der leschter Aktioun nach de Match aus der Hand ginn hunn. De Kyei huet der Jeunesse mat sengem Gol an der 93. Minutt déi dräi Punkte geséchert.
Och den FC Wolz konnt sech duerch e Last-Minute-Gol nach d’Victoire sécheren a sech mat 3:2 géint Péiteng behaapten. Duerch zwee individuell Feeler huet sech Wolz am éischten Duerchgang zwee Goler gefaangen, konnt am Numm vum Bunga a Burkic awer mat engem Gläichstand an d’Paus goen. An der 90. Minutt huet de Philipps dann op 3:2 gestallt.
An den zwee Dueller vum Tabellekeller huet Hamm dann nach mat 0:1 géint Munneref de Kierzere gezunn an d’Etzella huet sech mat 2:0 zu Rodange behaapt.