Internationale FuttballNo verréckter Schlussphas: Mainz klappt Leverkusen

RTL Lëtzebuerg
De Leandro Barreiro gouf bei de Mainzer an der Nospillzäit agewiesselt.
Mainz freet sech iwwer 3 Punkten
Mainz freet sech iwwer 3 Punkten
© AFP

Fir de Kont vum 23. Spilldag an der Bundesliga huet Mainz e Freideg den Owend mat 3:2 géint Leverkusen gewonnen. Den FSV ass zweemol no engem Réckstand zeréckkomm an huet um Enn de Match nach op déi eege Säit gezunn. De Svensson huet eng gëllen Nues bewisen, den Trainer vu Mainz huet mam Boetius (84') a mam Ingvartsen (88') déi decisiv Buteuren agewiesselt.

De Schick (35') an den Alario (74') hate Leverkusen zweemol a Féierung bruecht. De Martin (57') hat op Mainzer Säit fir den éischten Ausgläich gesuergt.

De Lëtzebuerger Nationalspiller Leandro Barreiro gouf bei Mainz an der éischter Minutt vun der Nospillzäit agewiesselt.

Fir Leverkusen ass et no véier Victoiren noeneen nees e Réckschlag am Kampf ëm d’Kinneksklass.

An der Serie A an Italien huet sech Juventus Turin am Stad-Duell géint den FC Turin misse mat engem 1:1 zefridde ginn. Den de Ligt hat d’Lokalekipp an der 13. Minutt a Féierung bruecht. An der 62. Minutt war dem Belotti fir d’Gäscht den Ausgläich gegléckt.

An der Ligue 1 huet sech Metz zu Lille ee Punkt geséchert. Et si keng Goler wärend den 90 Minutte gefall. An enger hëtzeger Schlussphas sinn op der Säit vun de Gäscht den Zhegrova an de Gourvennec mat glat Rout vum Terrain gesat ginn.

Metz bleift weider am Tabellekeller. Liest de Resumé vum Match bei de Kolleege vun RTL 5minutes.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

Back to Top
CIM LOGO