Summerspiller 2024 zu ParäisOlympia esou no ewéi nach ni

Monica Camposeo
A knapp engem Joer fänken zu Paräis d'olympesch Summerspiller un.
Summerspiller 2024 zu Paräis: Olypmia esou no wéi nach ni
A knapp engem Joer fänken d’Olympesch Spiller an eisem Nopeschland un.

Olympesch Spiller an engem Joer zu Paräis / Reportage M. Camposeo

Lëtzebuerg wier an engem gudden Austausch mat de franséischen Organisateuren, esou de Raymond Conzemius, techneschen Direkter vum Lëtzebuerger Olympesche Comité. Bei de leschten olympesche Spiller zu Tokio hate sech 12 Sportlerinnen a Sportler fir Lëtzebuerg qualifizéiert. Fir Paräis d’nächst Joer sot de Raymond Conzemius am RTL-Interview, dass et - Zitat - “schéi wier, wa mer deen een oder anere Sportler méi hätten”.

Bis ewell ass d’Sprinterin Patrizia Van der Weken déi éischt Sportlerin, déi sech fir d’olympesch Summerspiller zu Paräis qualifizéiert huet. Nieft der Liichtathletik wier et gutt méiglech, dass Lëtzebuerg am Vëlo, am Dëschtennis an am Triathlon vertrueden ass, esou de Raymond Conzemius, deen och Chef de Mission fir Lëtzebuerg zu Paräis ass. Am Schwammen hätt de Grand-Duché och gutt Chancen. Mam gudde Resultat vun der Badminton-Spillerin Kim Schmidt bei den European Games kéint et och sinn, dass Lëtzebuerg fir déi éischte Kéier am Badminton dobäi ass.

Vun der Proximitéit profitéieren

Net nëmmen de sportleche Volet, mä och den Tourismus soll mat de Summerspiller zu Paräis promouvéiert ginn. Am 16. Arrondissement entsteet dofir am Stadion Jean-Bouin d’Maison du Luxembourg. De Sportminister Georges Engel huet am Interview erkläert, dass den drëtte Stack vum Rugby-Stadion gelount gëtt, fir Eventer z’organiséieren. Dat gëtt an Zesummenaarbecht mat anere Ministèren exploitéiert.

Fir d’Competitioune soll et och eenzel Ticketen iwwert den offiziellen Olympia-Site ze kafe ginn, esou dass ee kee Package vu verschiddene Sportarte muss kafen. Wien zu Paräis wëll dobäi sinn, kann allerdéngs net zu Lëtzebuerg den TGV huelen, wéinst engem Chantier, dee scho méi laang geplangt ass, fiert den TGV wärend de Summerspiller just vun Diddenuewen aus.

Dofir ginn Ersatzbusser agesat. D’CFL-Spriecherin Alessandra Nonnweiler schätzt an, dass et 20 bis 30 Minutte méi laang kéint daueren. Ma den Trajet soll awer garantéiert ginn, fir dass och Leit vu Paräis eventuell en Dagestripp op Lëtzebuerg kënne maachen. Allgemeng wéilt een dovunner profitéieren, dass d’Olympesch Summerspiller d’nächst Joer quasi ëm den Eck sinn.

Back to Top
CIM LOGO