Genee wärend Olympia 2024 ass d'TGV-Verbindung Lëtzebuerg-Paräis ënnerbrach. Ee Chantier hätt net aneschters geplangt kënne ginn, soen d'CFL.

De Countdown leeft. A manner wéi 500 Deeg ass zu Paräis déi offiziell Ouverture vun den Olympesche Summerspiller. Esou no wäert Olympia warscheinlech net méi virun der Lëtzebuerger Hausdier organiséiert ginn. Kee Wonner, dass och hei am Land scho vill Sportsfrënn hiren Deplacement op "Paräis 2024" plangen. Wien awer domadder gerechent huet, da gemitterlech mam TGV un d'Seine ze fueren, dee muss elo ëmdisponéieren.

De Grond ass de "Pont Hammerel" direkt iwwert der Beetebuerger Gare. Dës Bréck ass bekanntlech an engem schlechten Zoustand a muss vun de "Ponts et Chaussées" komplett ersat ginn. Den Zäitplang dofir gouf scho virun zwee Joer fixéiert. Am Summer 2024 also, wärend véier Wochen, vum 16. Juli bis den 11. August, gëtt déi al Bréck ofgerappt an duerch eng nei Constructioun ersat.

Wärend där Zäit ka weder en TGV nach soss en Zuch duerch Beetebuerg fueren. Dat huet natierlech en enormen Impakt op den Zuchverkéier am ganze Süde vum Land. E puer Ligne wäerte wärend engem knappe Mount net méi funktionéieren: Stad-Beetebuerg, Beetebuerg-Esch, Beetebuerg-Diddeleng a Beetebuerg-Diddenuewen. Well d’Streck souwisou gespaart ass, profitéieren d’CFL iwwregens dovunner, aner grouss Chantiere wärend där Zäit duerchzeféieren, an zwar um Pôle d’Echange Houwald a ronderëm d’Stater Gare am Hibléck op den Uschloss vun der Neibaustreck Richtung Frankräich.

An den Diskussiounen tëscht CFL an de "Ponts et Chaussées" waren d'Olympesch Spiller zu Paräis duerchaus en Thema. Mä um Enn hunn aner Facteuren den Agenda vun dësem Chantier diktéiert. D’CFL-Spriecherin Alexandra Nonnweiler erkläert, dass esou grouss Chantieren nëmmen an der Summervakanz méiglech sinn, wann also souwisou manner Beruffspendler ënnerwee sinn, a wa genuch Bussen a Buschaufferen disponibel sinn, fir en Ersatzdéngscht z’organiséieren. D’CFL-Spriecherin erënnert dorunner, dass d’Summervakanz am Grand-Est schonn Enn August eriwwer ass, an déi franséisch Pendler dowéinst schonn éischter zeréckkommen. D'Fënster fir esou e Chantier ass also zimmlech kleng an d’Mobilitéit vun de Beruffspendler huet fir d’CFL Prioritéit virum Confort vun Olympia-Touristen.

Am Gespréich war och, d’Beetebuerger Bréck ee Joer méi spéit z’erneieren, also 2025. Dat wär fir d’"Ponts et Chaussées" eng Alternativ gewiescht, mä dann hätt sech de Brécke-Chantier mat engem aneren CFL-Chantier op der Beetebuerger Gare iwwerschnidden. Also blouf um Enn nëmmen de Summer 2024.

Et gouf och analyséiert, den TGV iwwert d’Ligne 70, also iwwer Péiteng ëmzeleeden. "Mä wéinst dem Gabarit ass den TGV op där Streck net zougelooss an et hätt méi laang gedauert. Dat hätt Repercussiounen op de franséische Reseau gehat, an et wär och net produktiv gewiescht, wann den TGV wärend den Olympesche Spiller Retarde gehat hätt", esou d’CFL-Spriecherin Alexandra Nonnweiler.

Egal wéi een et dréint a kéiert: wien a knapp 500 Deeg zu Paräis dobäi wëllt sinn, an dobäi op Auto a Fliger verzichte wëllt, muss sech op Ersatzbusser tëschent der Stat an Diddenuewen respektiv Metz astellen. D'SNCF hirersäits gi sech kuerz gebonnen. Et wär een iwwert de Chantier am Grand-Duché informéiert, méi kéint een dozou och net soen.