Conference-League-QualifikatiounOnglécklech 1:3-Néierlag fir de Swift Hesper géint den FC Struga

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg huet de Swift Hesper zu Skopje a Mazedonien den Allersmatch vum 3. Tour vun der Conference-League-Qualifikatioun gespillt.
© Archiv

Géint den FC Struga hunn d’Jonge vum Trainer Carlos Fangueiro allerdéngs net dee beschte Start erwëscht. D’Ufanksphas war eigentlech zimlech ausgeglach an et hat keng Ekipp eng kloer Goalchance. No 23 Minutten ass d’Lokalekipp awer a Féierung gaangen.

Interview mam Hesper-Trainer Carlos Fangueiro / Reportage Gilles Tricca

Bei engem harmlose Ball an d’Déift huet den Hesper Golkipp Czekanowicz sech verschat an den Ibraimi huet de Ball nach just missen aus kuerzer Distanz erasetzen.

Déi éischt kloer Goalchance fir de Swift hat den Ekofo no 38 Minutten. Säi Schoss konnt de géigneresche Golkipp nach esou just ofwieren. 2 Minutte méi spéit krut Struga en Eelefmeter zougesprach, deen den Ibraimi souverän eragesat huet. Kuerz virun der Paus hat Hesper d’Méiglechkeet ze verkierzen, mee de Fräistouss vum Sinani gouf vum Keeper vu Struga aus dem Wénkel gefëscht.

D’Säite ware knapps gewiesselt du konnt Hesper duerch den Dominik Stolz verkierzen. Wat d’Partie méi al ginn ass, wat Hesper méi d’Iwwerhand krut, mee den Ausgläich sollt net méi falen.

Eng Véierelsstonn viru Schluss krut Struga e weideren Eelefmeter fir sech gepaff an och dësen huet den Ibraimi eragesat.

Hesper muss sech mat der eegener Nues huelen, datt se mat dësem Ecart zeréck op Lëtzebuerg reesen. De Retourmatch ass nächsten Donneschdeg um 20 Auer am Stade de Luxembourg.

Back to Top
CIM LOGO