A bal op den Dag genee viru 6 Joer huet den 32 Joer ale Futtball-Spiller e Kontrakt beim New York City FC ënnerschriwwen. E Club, wou schonn aner grouss Nimm wéi den Andrea Pirlo oder Frank Lampard aktiv waren.
Mir hunn de Maxime Chanot a senger Heemecht besicht, hien op den Training begleet a mat him iwwert seng Karriär geschwat.