
Virun allem de Ralph Daleiden Ciuferri, de Rémi Fabiani an de Julien Henx kämpfen a Serbien ëm en Ticket fir d’Olympesch Spiller. Dofir mussen déi 3 Lëtzebuerger awer d’A-Norm packen. Fir de Finn Kemp an de Joâo Carneiro geet et éischter drëms, fir Experienz en Vue vun enger Participatioun zu Los Angeles ze sammelen.
An déi zwee jonk Schwëmmer hunn hir Saach iwwer 100 Meter Brasse e Méindeg gutt gemaach. De Joâo Carneiro ass an 1:01'64" op déi 21. Plaz (21 Honnertstel vun der Halleffinall ewech) komm. De Finn Kemp ass mat 19 Joer seng éischt ganz grouss Seniorscourse geschwommen. Hien huet säin eegene Rekord ëm 76 Honnertstel op 1:02'54" verbessert. Domadder gouf et déi 33.Plaz fir d’Talent, dat d’nächste Saison fir d’Arizona State University un den Depart geet.
De Julien Henx ass e Méindeg iwwer 50 Meter Papillon op der 31. Plaz gelant. En Dënschdeg schwammen de Ralph Daleiden Cuiferri an de Rémi Fabiani vun 9 Auer 38 un d’100 Meter Crawl. D’A-Norm fir Olympia ass 48 Sekonnen a 34 Honnertstel.