TennisOsaka wënnt éischte Match no Bëbee-Paus

RTL Lëtzebuerg
Am Tennis huet déi fréier Nummer 1 Naomi Osaka hiren éischte Match no der Bëbee-Paus gewonnen.
© AFP

Déi 26 Joer al Spillerin huet sech zu Brisbaine an Australien an zwee Sätz mat 6:3 a 7:6 géint déi däitsch Tamrara Korpatsch duerchgesat.

D’Kand vum Naomi Osaka ass am Juli op d’Welt komm. Am September 2022 hat d’Japanerin sech eng Zäit laang aus dem Profisport zeréckgezunn wéinst Probleemer mat der mentaler Gesondheet.

Back to Top
CIM LOGO