LFP huet Championnat ofgebrachParäis soll deemno de Championstitel "feiere" kënnen

Tom Hoffmann
D'LFP, déi franséisch Futtballliga huet en Donneschdeg eng Decisioun geholl an hiert Championnat ofgebrach.

Dat nodeems de franséische Premierminister Edouard Philippe annoncéiert huet, dass dës Saison, wéinst de strikte Mesurë géint de Coronavirus, kee Futtball méi kéint gespillt ginn. Domat zitt deen éischten grousse Verband e Schlussstréch ënnert hiert Championnat. Nach den Donneschdeg den Owend soll déi offiziell Confirmatioun kommen.

Aneschters wéi hei am Land huet d'LFP e Champion definéiert. Hei goufe Punkte pro Match gekuckt, well Paris-Saint-Germain an RC Straßburg Alsace allebéid eng Partie manner um Konto haten, konnt d'Tabell net agefruer ginn.

Deemno geet duerch de Punkte-Quotient den Titel un de PSG virun Olympique Marseille a Rennes. Paräis a Marseille sinn an der nächster Saison direkt fir d'Champions League qualifizéiert a Rennes spillt d'Qualifikatioun, fir an d'Kinneksklass ze kommen.

De Club vum Gérard Lopez, den OSC Lille, kënnt op déi 4. Plaz a spillt d‘nächst Saison an der Europa League. Amiens an Toulouse steigen of.

Back to Top
CIM LOGO