FuttballPascal Carzaniga gëtt nees Trainer vum Swift Hesper

RTL Lëtzebuerg
De Fransous souz schonns bis Juni 2021 op der Trainerbänk vum Swift. Duerno hat hien eng Paus gemaach.
© Serge Olmo

Hesper koum dës Saison just op déi 4. Tabelleplaz a géif d‘nächst Saison just europäesch spillen, wann den F91 d‘Coupe-Finall géint de Racing géif gewannen.

De neien Trainer ersetzt den Duo Aniello Parisi/Bertrand Crasson.

De Pascal Carzaniga sot däitlech op der Pressekonferenz datt hie mam Swift den Titel gewannen wëll.

Hie wäert och e groussen Grupp trainéieren. De ganzen Trainerstaff an déi nei Spiller ginn déi nächst Deeg annoncéiert.

Den 51 Joer ale Fransous hat hei zu Land schonn den F91 Diddeleng, de Progrès Nidderkuer, den FC Déifferdeng an an der Saison 2020 bis 2021 schonn de Swift Hesper trainéiert.
Hien hat sech mam Swift fir d’Coupe d’Europe qualifizéiert mee war awer net zu Hesper bliwwen wat vill Leit iwwerrascht hat.
Gëschter op de Pressekonferenz huet hien d’Erklärung ginn fir säin Depart vun Hesper a fir seng Paus vun enger Saison an zwar war dat no enger Verletzung déi zu enger Operatioun gefouert hat.

De Pascal Carzaniga

Back to Top
CIM LOGO