
Béid Ekippen hunn um Mëttwoch Owend de Match monter ugefaangen. An den éischten 10 Minutte gouf et op all Säit en Ofschloss a Richtung Gol. Dono sinn d’Gäscht vum Holleschbierg awer besser an de Match komm, hunn an enger éischter Phas awer gutt Golchancen duerch den Terki an de Philippe leie gelooss. An der 25. Minutt ass Hesper duerch e kuriéise Gol a Féierung gaangen. De Pellegrini hat seng Réckpass iwwert säi Golkipp gekäppt an de Stolz huet de Ball an den eidele Gol geschoss. Hesper ass och no dem Gol um Drécker bliwwen a konnt duerch de Philippe virun der Paus op 2:0 erhéijen.
Nom Säitewiessel waren d’Gäscht weiderhin déi besser Ekipp an hunn duerch en Eelefmeter vum Stolz den 3:0 markéiert. Péiteng huet géint eng dominant Hesper Ekipp keng Léisunge fonnt. Den Abreu hat et no knapp 70 Minutte mat engem Schoss probéiert, den awer vum Hesper Golkipp paréiert gouf. D’Heemekipp huet zwar alles probéiert fir duerch e Gol nach eng Kéier an de Match ze fannen, um Enn sollt sech Hesper awer verdéngt mat 3:0 zu Péiteng duerchsetzen. De Swift bleift domadder an der Mëtt vun der Tabell, wärend Péiteng oppasse muss, net méi déif an den Tabellekeller ze falen.