Internationale FuttballPochettino a Paris Saint-Germain gi getrennte Weeër, Galtier neien Trainer

RTL Lëtzebuerg
Aus dem Futtball ass et d‘Nouvelle, datt de Mauricio Pochettino net méi Trainer vum PSG ass. Dat huet de Veräin en Dënschdeg offiziell confirméiert.
© AFP

Den Argentinier souz déi lescht 18 Méint op der Bänk vum franséische Champion. Och de Sportdirekter Leonardo muss säi Stull raumen. De Christophe Galtier gouf en Dënschdeg nach als neien Trainer virgestallt, hie gouf 2021 mat Lille Champion. Hien ënnerschreift e Kontrakt bis 2024.

Back to Top
CIM LOGO