
No 2009 a 2023 ass et fir Polen den drëtten Europameeschtertitel. Domat qualifizéiere si sech och fréizäiteg fir d'Olympesch Summerspiller 2028 zu Los Angeles.
Am Match ëm Plaz 3 konnt sech Finnland mat 3-0 géint Slowenien duerchsetzen a gewënnt déi éischt Medail iwwerhaapt.
An engem serréiertem 1. Saz an enger onglécklecher Schlussphase aus der Siicht vu Frankräich ass den 1. Saz mat 31:29 zu de Gonschte vu Polen ausgaangen. Am zweete Saz sollt Polen seng Iwwerleeënheet kloer ausspillen a léisst Frankräich mat 25:19 keng Chance.
D' Fransouse wollten awer nach net opginn an hu sech hirersäits am drëtte Saz mat 25:20 geséchert. Richteg spannend sollt d'Finall awer net méi ginn, dat well Polen am 4. Saz gewisen huet wisou een aktuell wuel déi beschten Ekipp an der Welt ass. Kamil Semeniuk a Co. hunn de Fransousen zu kengem Ament eng Chance gelooss de Match nach ze dréinen a sollt de 4. Saz an domat de Match mat 25:16 fir sech entscheeden.