EM-QualifikatiounPortugal iwwerrennt Lëtzebuerg mat 9:0

RTL Lëtzebuerg
Op engem batteren Owend zu Faro gouf et fir d'Rout Léiwen näischt ze huelen.
© AFP

E Méindeg den Owend stoung de 6. Spilldag vun der Qualifikatioun fir d’EM 2024 um Programm.

Am Grupp J bleift Portugal no enger historescher Victoire géint Lëtzebuerg weider ongeschloen un der Tabellespëtzt an d’Slowakei huet géint Liechtenstein mat engem 3:0 seng Aufgab erfëllt. Island kann a leschter Minutt géint Bosnien-Herzegowina wannen.

Am Grupp D huet sech Kroatien mat enger wichteger Victoire géint Armenien d’Tabelleféierung geséchert. Wales bleift iwwerdeems mat dräi Punkte weider an der Course ëm eng Plaz op der EM.

Grupp J

Portugal - Lëtzebuerg 9:0
1:0 Inacio (12'), 2:0 Ramos (17'), 3:0 Ramos (33'), 4:0 Inacio (45+4'), 5:0 Jota (57'), 6:0 Horta (67'), 7:0 Jota (77'), 8:0 Fernandes (83'), 9:0 Felix (88')

An den éischte Minutte vum Match hu sech béid Ekippen zu Faro ofgetaascht. Portugal huet et lues, awer kontrolléiert ugoe gelooss an d’Lëtzebuerger hunn nieft enger prioriséierter defensiver Aarbecht awer och net gefaart de Wee no vir ze sichen. Net all ze laang huet et allerdéngs gedauert, bis sech d’Klass vun de Portugise gewisen huet. Eng präzis Flank op de Goncalo Inacio huet an der 12. Minutt zum 1:0 gefouert.

D’Rout Léiwe ware géint e Géigner deen näischt ubrenne gelooss huet ëmmer méi iwwerfuerdert an hu keng Chance gehat an de Match ze fannen. Nëmme fënnef Minutte spéit konnt de Goncalo Ramos dann op 2:0 erhéijen. Portugal huet de Match dominéiert an ass ëmmer nees virun de Gol vum Anthony Moris komm. D’Buteuren vun den éischten zwee Goler hu virun der Paus allebéid nach eemol getraff a sou ass et mat engem batteren 0:4-Réckstand an d’Vestiairë gaangen.

D'Goler aus der éischter Hallschent
No 45 Minutte stoung et 4:0 fir Portugal.

Nom Säitewiessel huet de Luc Holtz da véier Mol gewiesselt, ma och dat sollt um Spillverlaf näischt änneren. D’Lokalekipp huet mat deem selwechten Niveau weidergemaach an der Lëtzebuerger Ekipp iwwerhaapt keng Chance méi gelooss. De Spillstand sollt nach bis op 0:9 klammen, bis den Arbitter d’Ekipp vum Luc Holtz erléist huet. Fir Portugal ass dat déi héchste Victoire an der Geschicht géint Lëtzebuerg.

D'Goler aus der zweeter Hallschent
Mat 0:9 ass de Match aus der Siicht vun de Lëtzebuerger op en Enn gaangen.
D'Lëtzebuerger Reaktiounen nom Match
De Luc Holtz, Anthony Moris a Laurent Jans am Interview.

Slowakei - Liechtenstein 3:0
1:0 Hancko (1'), 2:0 Duda (3'), 3:0 Mak (6')

Island - Bosnien-Herzegowina 1:0
1:0 Finnbogason (90+1')

De Resumé vum Grupp J
An de weidere Matcher vum Lëtzebuerger Grupp konnte sech d’Slowakei an Island duerchsetzen.

Grupp D

Armenien - Kroatien 0:1
0:1 Kramaric (13')

Lettland - Wales 0:2
0:1 Ramsey (29'), 0:2 Brooks (90+6')

De Resumé vum Grupp D
Am Grupp D gouf et dräi Punkte fir Kroatien a Wales.

Back to Top
CIM LOGO