Basketballnationalekipp vun den HärenPreparatiounen op déi nächst zwee Lännermatcher

Christophe Hochard
D'Selektioun vun den FLBB-Häre bereet sech op d'Partië géint Irland an Aserbaidschan vir.
FLBB-Hären preparéiere sech
Déi nächst Woch waarde Lännermatcher géint Irland an Aserbaidschan op eis Basket-Hären

Zanter e leschte Mëttwoch 19.November preparéiert sech eis Basketballnationalekipp op hir zwee Lännermatcher. Trainéiert gëtt souwuel an der Coque, ewéi och um INS.

Eis Härenekipp besteet aus erfuerenen a jonke Spiller. Si ergänzen sech. E Méindeg kommen dann nach déi Spiller dobäi, déi am Ausland engagéiert sinn.

En Donneschdeg 27.November spillt eis Ekipp heiheem géint Irland. E Sonndeg 30.November spillt d’FLBB-Selektioun dann zu Baku géint den Aserbaidschan. Eng éischter onbekannten Ekipp fir eis Baskethären.

Den Nationaltrainer Ken Diederich war am REBOUND zu Gaascht:

De Basket-Nationaltrainer Ken Diederich am Interview
Virun de Lännermatcher géint Irland an Aserbaidschan

© Christophe Hochard - rtl.lu

Back to Top
CIM LOGO