Champions LeaguePSG wënnt enke Match géint Manchester United

RTL Lëtzebuerg
Leipzig klappt Basaksehir an engem geckege Match mat 4:3, Kiew verléiert mam Gerson Rodrigues däitlech géint Juventus an Dortmund a Lazio spillen 1:1.

Am Grupp H gouf et no engem gudde Match eng 3:1-Victoire fir de PSG géint Manchester United. Am zweete Match konnt sech Leipzig an enger geckeger Partie mat 4:3 géint Basaksehir duerchsetzen an domadder bleift et an dëser Grupp ganz spannend mat 3 Ekippe mat 9 Punkten. Just Basaksehir huet keng Chance méi a kann och net méi 3. ginn.

Eng souverän Victoire konnt Chelsea am Grupp E géint Sevilla feieren a wënnt mat 4:0 duerch 4 Goler vum Giroud. Krasnodar wënnt knapps mat 1:0 géint Rennes an domadder ass hinnen déi 3. Plaz net méi ze huelen. Chelsea a Sevilla sti sécher an den Aachtelsfinallen.

Borussia Dortmund a Lazio Roum trenne sech am Grupp F an engem enke Match mat 1:1 a Bruges klappt Zenit St. Petersburg kloer mat 3:0. Domadder steet Dortmund sécher an den Aachtelsfinallen. Lazio muss um leschte Spilldag nach seng 2. Plaz am direkten Duell géint Bruges verdeedegen.

Am Grupp G waren et zwee eendeiteg Matcher. Juventus klappt Kiew mat 3:0 an och Barcelona wënnt mam nämmlechte Resultat géint Ferencvaros. Domadder sti Barcelona a Juventus an den Aachtelsfinallen an um leschte Spilldag treffen dës zwou Ekippen dann openeen an entscheede wien éischten an der Grupp gëtt. Kiew a Ferencvaros maachen ënnert sech déi 3. Plaz aus.

Wéi eng Decisioune schonn en Dënschdeg gefall sinn, dat fannt Dir hei am Artikel.

Grupp H

Manchester United - PSG 1:3
0:1 Neymar (6.’), 1:1 Rashford (32.’), 1:2 Marquinhos (69.’), 1:3 Neymar (90.+1.’)

Paräis ass mat vill Vitesse an de Match gestart an huet direkt de Wee no vir gesicht. An der 6. Minutt huet den Mbappé et aus 18 Meter probéiert, säin ofgefälschtene Schoss ass am Strofraum op riets beim Neymar gelant, dee mat engem präzise Schoss aus spatzem Wénkel den De Gea iwwerwanne konnt. Den 1:0 fir de PSG.

Den 0:1 duerch den Neymar
No enger gudder Ufanksphase, konnt de PSG schonn an der 6. Minutt mat 1:0 a Féierung goen.

No enger geféierlecher Feelpass vum Fred beim eegene Strofraum, koum de Florenzi an der 10. Minutt zum Ofschloss, mee den De Gea konnt säi Schoss aus 20 Meter gutt paréieren. Dono huet sech Manchester United an de Match gebass, huet mat vill Ballbesëtz d’Kontroll vum Match iwwerholl an de PSG stoung immens déif. An der 32. Minutt huet de Rashford no Virlag vum Wan-Bissaka aus 16 Meter ofgezunn, de Pereira huet de Fouss an de Schoss gehalen a soumat hat den Navas keng Chance. Den 1:1-Ausgläich fir d‘Lokalekipp.

Den 1:1 duerch de Rashford
Manchester United ass ëmmer méi dominant ginn a konnt sech an der 32. Minutt mam 1:1 belounen.
Bescht Zeenen vun der 1. Hallschent
No enger gudder éischter Hallschent konnt de Rashford nom Neymar sengem Gol ausgegläichen an et ass mat engem 1:1 an d’Paus gaangen.

An der 49. Minutt hätt missen den 2:1 fir ManU falen. No engem Konter huet de Rashford de Ball an d’Mëtt op de Martial gespillt, mee deen huet de Ball aus wéinege Meter iwwert de Gol geschoss. Nëmmen 8 Minutte méi spéit gouf et nees eng ganz grouss Chance fir d’Heemekipp. No engem weidere Konter huet et de Cavani mat engem herrleche Lob probéiert, mee de Ball ass widdert d’Lat geknuppt an de Noschoss vum Martial gouf ofgeblockt.

Paräis konnt sech awer nees an de Match zeréck kämpfen an hat gutt Chancen duerch de Marquinhos an den agewiesselten Bakker. No 69 Minutten konnten d’Franzousen dann nees a Féierung goen. No engem Corner koum de Marquinhos un de Ball an huet dëse mat der Spëtzt iwwert d’Linn gedréckt.

Den 1:2 duerch de Marquinhos
Nodeems Manchester direkt e puer gutt Chancen leie gelooss huet, konnt de PSG eng notzen a mat 2:1 a Féierung goen.

Just eng Minutt drop huet de Fred vu ManU dann och nach déi giel-rout Kaart gesinn, sou datt et fir d’Englänner nach méi schwéier ginn ass. An de Schlussminutten huet ManU nach eng Kéier alles probéiert, mee zum Schluss war et dann awer de PSG, dee mat engem Konter duerch den Neymar fir d’Entscheedung suerge konnt.

Den 1:3 duerch den Neymar
Mat engem Konter ass dem PSG an der Schlussphas d’Entscheedung gelongen.

Istanbul Basaksehir - Leipzig 3:4
0:1 Poulsen (26.’), 0:2 Mukiele (43.’), 1:2 Irfan Can (45.+3.’), 1:3 Dani Olmo (66.’), 2:3 Irfan Can (72.’), 3:3 Irfan Can (85.’), 3:4 Sörloth (90.+2.’)

Resumé vu Basaksehir - Leipzig
An engem geckege Match konnt sech Leipzig duerch e Gol vum Sörloth mat 4:3 duerchsetzen.

Grupp E

FC Sevilla - FC Chelsea 0:4
0:1 Giroud (8.’), 0:2 Giroud (54.’), 0:3 Giroud (74.’), 0:4 Giroud (83.’, Eelefmeter)

FK Krasnodar - Stade Rennes 1:0
1:0 Berg (71.’)

Resuméen vum Grupp E
Krasnodar konnt sech knapps mat 1:0 géint Rennes behaapten an Chelsea wënnt duerch 4 Goler vum Giroud.

Grupp F

Borussia Dortmund - Lazio Roum 1:1
1:0 Guerreiro (44.’), 1:1 Immobile (67.’, Eelefmeter)

FC Bruges - Zenit 3:0
1:0 De Ketelaere (33.’), 2:0 Vanaken (58.’, Eelefmeter), 3:0 Lang (73.’)

Resuméen vum Grupp F
An engem enke Match trenne sech Dortmund an Lazio Roum mat 1:1 an Bruges konnt däitlech mat 3:0 géint Zenit St. Petersburg gewannen.

Grupp G

Juventus Turin - Dynamo Kiew 3:0
1:0 Chiesa (21.’), 2:0 Ronaldo (57.’), 3:0 Morata (66.’)

An den éischte Minutte war d’Juventus déi besser Ekipp a konnt an der 21. Minutt verdéngt duerch de Chiesa a Féierung goen. Nodeems de Cristiano Ronaldo just de Potto getraff huet, ass Kiew, bei deenen de Gerson Rodrigues an der Startopstellung stoung, besser an de Match komm an hat kuerz virun der Paus d’Chance op den 1:1.

No der Paus huet de Cristiano Ronaldo de Match mat sengem 350. Gol an der Champions League entscheet. E weidere Gol vum Morata an der 66. Minutt huet dann och all Zweiwel besäitegt. De Gerson Rodrigues gouf an der 72. Minutt duerch den De Pena ersat.

Ferencvaros Budapest - FC Barcelona 0:3
0:1 Griezmann (14.’), 0:2 Braithwaite (20.’), 0:3 Dembelé (28.’, Eelefmeter)

Resuméen vum Grupp G
Béid Matcher waren eng kloer Saach. Barcelona wënnt mat 3:0 géint Ferencvaros an och Juventus klappt Kiew mat 3:0.

Den Iwwerbléck vun der Champions League

Klickt hei, fir op d’Säit mat all den Detailer ze kommen.

Back to Top
CIM LOGO