Et ass offiziellPulisic wiesselt vum BVB bei Chelsea

RTL Lëtzebuerg
Den aktuellen éischten an der Bundesliga an de 4. aus der Premier League konnte sech eenegen.
© AFP

Den Transfert vum amerikaneschen Nationalspiller vun Dortmund op Chelsea ass sécher, datt huet Dortmund kuerz no 10 Auer um Mëttwoch publizéiert. De Pulisic wiesselt mat Effet immediat op Chelsea, gëtt awer vun den Englänner fir de Recht vun der Saison op Dortmund ausgeléint.

64 Milliounen Euro huet Chelsea fir de Pulisic, deen nach bis 2020 bei Dortmund e Kontrakt hat, op den Dësch geluecht. Mat just 20 Joer hätt de Christian Pulisic sech schonn an der Bundesliga bewisen an et freet ee sech, fir esou e Spiller zu London begréissen ze kënnen, sot den Chelsea Sportdirekter Marina Granovskaia.

Back to Top
CIM LOGO