Internationale FuttballRB Leipzig klappt d'Bayern däitlech mat 3:0

RTL Lëtzebuerg
Donieft setzt Arsenal sech géint Nottingham Forest duerch, wärend Dortmund a Leverkusen däitlech Victoiren am DFB-Pokal feieren.
© AFP

DFL-Supercup

Bayern München - RB Leipzig 0:3
0:1 Olmo (3'), 0:2 Olmo (44'), 0:3 Olmo (68', Eelefmeter)

Direkt am Ufank kruten d’Bayern no engem Fräistouss de Ball net aus dem eegene Strofraum eraus, sou dass den Olmo RB konnt a Féierung bréngen. D’Bayern ware kuerz geschockt, hunn an der Suite awer d’Kontroll vum Match iwwerholl a sech e puer Chancen erausgespillt, déi si allerdéngs net konnten notzen. Kuerz virun der Paus war et dunn nees den Olmo, dee sech mat engem spektakulären Trick duerchsetzen an op 2:0 stelle konnt.

Am zweeten Duerchgang waren d’Münchener weider dominant, ma den Uschlossgol ass der Ekipp vum Thomas Tuchel net gelongen. No 60 Minutten ass dunn den Harry Kane erakomm, dee viru kuerzem op München gewiesselt ass. Dat sollt awer näischt drun änneren, dass den Olmo kuerz drop per Eelefmeter säin Hattrick komplettéiere konnt. Dobäi ass et bis zum Schluss bliwwen, sou dass RB Leipzig den däitsche Supercup gewënnt.

DFB-Pokal

TSV Schott Mainz - Borussia Dortmund 1:6
0:1 Haller (22'), 0:2 Brandt (24'), 1:2 Gans (33'), 1:3 Haller (35'), 1:4 Sabitzer (57'), 1:5 Malen (80'), 1:6 Moukoko (85')

Dortmund hat mat den Amateure vu Mainz keng Problemer an ass sou souverän an déi 2. Ronn vum DFB-Pokal agezunn. De BVB war vun der éischter Sekonn un déi dominant Ekipp an huet um Enn héichverdéngt mat 6:1 gewonnen.

Teutonia Ottensen - Bayer Leverkusen 0:8
0:1 Tapsoba (16'), 0:2 Boniface (42'), 0:3 Wirtz (45+1'), 0:4 Adli (59', Eelefmeter), 0:5 Frimpong (68'), 0:6 Hlozek (75'), 0:7 Hofmann (81'), 0:8 Hlozek (90')

Viktoria Köln - Werder Bremen 3:2
0:1 Ducksch (43'), 1:1 Philipp (73'), 1:2 Füllkrug (77', Eelefmeter), 2:2 Philipp (79'), 3:2 Bogicevic (90+4')

No enger fréier rouder Kaart fir de Bremer Pieper war et een ausgeglachene Match tëscht dem Drëttligist an dem Bundesligist. Nom Ducksch sengem Gol konnt de Philipp knapp 20 Minutte viru Schluss ausgläichen a mat der Zäit huet Viktoria Köln ëmmer méi d’Kontroll iwwerholl. Och dem Füllkrug säin Eelefmeter huet net fir d’Entscheedung gesuergt, well de Philipp direkt nees op 2:2 gestallt huet. Mat der leschter Aktioun vum Match ass dem Bogicevic dunn de Lucky Punch gelongen, woumat Bremen als éischte Bundesligist eliminéiert gouf.

Premier League

Arsenal - Nottingham Forest 2:1
1:0 Nketiah (26'), 2:0 Saka (32'), 2:1 Awoniyi (82')

Um 1. Spilldag huet Arsenal vun Ufank u géint Nottingham näischt ubrenne gelooss an de Match déi 90 Minutten iwwer dominéiert. No spektakulärer Virlag vum Martinelli konnt den Nketiah seng Faarwen a Féierung bréngen, kuerz drop huet de Saka mat engem schéinen Distanzschoss op 2:0 erhéicht. Trotz just 22% Ballbesëtz konnten d’Gäscht an der Schlussphas duerch den Awoniyi nach verkierzen, fir méi sollt et awer net méi duergoen.

Brighton & Hove Albion - Luton Town 4:1
1:0 March (36'), 2:0 Pedro (71', Eelefmeter), 2:1 Morris (81', Eelefmeter), 3:1 Adingra (85'), 4:1 Ferguson (90+5')

Newcastle United - Aston Villa 5:1
1:0 Tonali (6'), 1:1 Diaby (11'), 2:1 Isak (16'), 3:1 Isak (58'), 4:1 Wilson (77'), 5:1 Barnes (90+1')

An enger animéierter Ufanksphas hu mat Tonali an Diaby direkt zwee nei Transferten hir éischt Goler geschoss, ier den Isak d’"Magpies” nees a Féierung bruecht huet. No knapp enger Stonn huet de Schwed no engem Feeler an der Defense dunn nach een dropgesat, wouropshin Aston Villa ëmmer méi onopmierksam ginn ass. Déi agewiesselt Wilson a Barnes hu schliisslech fir deen däitlechen Endstand gesuergt, duerch deen Newcastle United d’Tabelleféierung iwwerhëlt.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Ligue 1

Olympique Marseille - Stade Reims 2:1
0:1 Ito (10'), 1:1 Ounahi (23'), 2:1 Carvalho (73')

Paris Saint-Germain - Lorient 0:0

Ouni Neymar an Mbappé huet de PSG sech am éischte Match ënnert dem neien Trainer Luis Enrique schwéier gedoen. Trotz knapp 80% Ballbesëtz ass et dem franséische Champion kaum gelongen, geféierlech Aktiounen ze kreéieren. Sou ass et bis zum Schluss beim 0:0 bliwwen, woumat de PSG just mat engem Remis an d’Saison start.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

La Liga

Real Sociedad - Girona 1:1
1:0 Kubo (5'), 1:1 Dovbyk (73')

Athletic Bilbao - Real Madrid 0:2
0:1 Rodrygo (28'), 0:2 Bellingham (36')

No enger ausgeglachener Ufanksphas konnt de Rodrygo an der 28. Minutt seng Faarwen a Féierung schéissen. Kuerz drop war et de Bellingham, deen no engem Corner op 0:2 erhéije konnt. Athletic Bilbao hat deem de ganze Match iwwer offensiv net vill entgéintzesetzen, soudass d’Madrilenen zum Optakt souverän gewanne kënnen.

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO