
E Mëttwoch den Owend waren an der Kinneksklass zwee weider Retourmatcher vun den Aachtelsfinallen. Duerch eng staark zweet Hallschent huet sech Real Madrid mat 3:1 géint de PSG behaapt a steet domat an der nächster Ronn. Manchester City an de Sporting hunn 0:0 gläich gespillt. En Dënschdeg konnte sech Bayern a Liverpool fir d’Véierelsfinalle qualifizéieren.
Real Madrid - PSG 3:1
0:1 Mbappé (39'), 1:1 Benzema (61'), 2:1 Benzema (76'), 3:1 Benzema (78')
An den éischte Minutte vum Match huet d’Lokalekipp sech engagéiert gewisen an huet de Wee a Richtung Gol vun Ufank u gesicht. Mat der Zäit huet sech d’Opreegung aus der Ufanksphas da geluecht an de Match huet sech virun allem am Mëttelfeld ofgespillt. De Ball ass zum gréissten Deel duerch d’Reie vum PSG gelaf, déi duerch de Star-Trio Messi, Mbappé an Neymar déi eng oder aner Kéier virun de Gol fonnt hunn. An der 34. Minutt louch de Ball dann och am Netz, ma nom Asaz vum Videoarbitter gouf den 1:0 fir d’Gäscht duerch eng Abseitspositioun vum Mbappé zréckgeholl.
E puer Minutte méi spéit war et dann awer sou wäit. No engem Ballverloscht vum Carvajal war den Mbappé an de Laf geschéckt ginn, dee virum Courtois äiskal op 1:0 gestallt an d’Paräisser sou mat enger Féierung an d’Paus geschéckt huet.
Nom Säitewiessel huet Real dann nees méi probéiert d’Initiativ vum Match ze iwwerhuelen, wat dann och gutt gelongen ass. Sou war et an der 61. Minutt de Benzema, dee vun engem Feeler vum Donnarumma profitéieren an domat ausgläiche konnt.
De Gol zum 1:1 huet an der Ekipp vu Madrid eng Flam entfacht. De PSG war op eemol komplett iwwerfuerdert, sou dass an der Defense guer näischt méi geklappt huet. Duerch zwee weider Goler vum Benzema bannent zwou Minutte waren déi Kinneklech ronn 10 Minutte viru Schluss mat 3:1 vir.
Op dëse Schock krut de PSG keng Reaktioun méi gewisen. Um Spillstand huet sech bis zum Schluss näischt méi geännert a sou steet Real Madrid duerch en Hattrick vum Benzema an der Véierelsfinall vun der Champions League.
Manchester City - Sporting 0:0
No der klorer 5:0-Victoire aus dem Allersmatch ass Manchester City mat engem komfortabele Polster an d’Partie géint Sporting gaangen. An den Ufanksminutten haten d’Haushären de Match komplett ënner Kontroll an hunn dem Géigner dobäi sou gutt wéi keng Chance ginn offensiv geféierlech ze ginn. Ouni Goler an ouni dat grousst Spektakel ass et dann och an d’Paus gaangen.
Kuerz nom Säitewiessel war et dann de Gabriel Jesus, deen op 1:0 fir ManCity stelle konnt, ma wéinst Abseits huet de Gol net gezielt. D’Lokalekipp huet den Tempo weider ugezunn, ouni dobäi awer gutt Golchancen erauszespillen. Eng gutt Véierelsstonn viru Schluss haten d’Gäscht dann déi eng oder aner gutt Chance op d’Féierung. Um Enn sollt et awer beim 0:0 bleiwen a sou steet Manchester City an der Véierelsfinall.
Klickt hei, fir op d’Resultater vun der Champions League ze kommen.