
Liverpool huet hire Match doheem géint eng kämpferesch Ekipp vun Inter mat 0:1 verluer. D’Reds stinn dank der 2:0 Victoire am Allersmatch am San Siro trotz der Néierlag am Retourmatch an der Véierelsfinall. Am zweete Match huet Bayern München Salzburg keng Chance gelooss an huet den éisträichesche Meeschter mat 7:1 aus dem Stadion geschoss.
FC Liverpool - Inter Mailand 0:1
0:1 Martinez (61')
Inter Mailand huet den Allersmatch Mëtt Februar mat 0:2 géint d’Ekipp vum Jürgen Klopp verluer, war also un der Anfield Road vun Ufank u gefuerdert.
An esou sinn d’Nerazzurris och an de Match gaangen. Dumfries a Perisic hunn offensiv de Wee no vir gesicht. Kloer Chancë sollte si sech awer net erausspillen. Aneschters Liverpool. Bannent zwou Minutten hätten d’Reds direkt zwee Mol kéinten a Féierung goen, dem Matip säi Kappball ass awer just un d’Lat gaangen, dem Va Dijk säi Kappball sollt laanscht de Gol goen. An der Schlussphas vun der 1. Hallschent ass dunn e bëssi méi hektesch hiergaangen, e Gol sollt awer net méi falen, sou dass et mam 0:0 an d’Kabinne gaangen ass.
An der 2. Hallschent huet Inter den Drock erhéicht. An der 52. Minutt hat Inter awer Chance, dass dem Salah säi Schoss just un de Potto gaangen ass. Kuerz dorops ass dem Martinez säi Schoss knapp laanscht de Gol gaangen. 1 Minutt méi spéit sollt et dunn awer am Gol vu Liverpool rabbelen. Mat engem stramme Schoss huet de Martinez Inter a Féierung bruecht. No der Giel-Rouder-Kaart géint de Sanchez an der 63. Minutt ass et du richteg schwéier fir Inter ginn. An der Schlussphas ass déi grouss Offensiv och ausbliwwen, sou dass sech Liverpool fir déi nächste Ronn qualifizéiere konnt.
Bayern München - RB Salzburg 7:1
1:0 Lewandowski (12', 21', 23'), 4:0 Gnabry (31'), 5:0 Müller (54'), 5:1 Kjaergaard (70'), 6:1 Müller (83'), 7:1 Sané (86')
Mat engem éischter enttäuschenden a gläichzäiteg glécklechem 1:1 aus Münchener Siicht ass den Allersmatch zu Salzburg zu Enn gaangen. Deemno konnte sech d’Éisträicher berechtegt Hoffnunge maachen, och am Réckmatch dem Favorit e Been ze stellen.
De Match an der Allianz Arena ass dann och mat 100 à l’heure ugaangen. Mol no net enger gespillter Minutt ass de Lewandowksi eng éischte Kéier geféierlech virum Gol opgedaucht, ass awer um Keeper Köhn hänke bliwwen. Quasi am Géigenzuch hat dunn Salzburg déi grouss Chance zu Féierung, dem Capaldos säi Schoss ass awer vum Coman ofgeblockt ginn. Dono ass de Match awer nëmmen nach an eng Richtung gaangen.
No 10 Minutten ass de Lewandwoski am Strofraum vum Wöber vun de Been geholl ginn an de Pol huet mat sengem 10. Gol an dëser Champions League Saison zum 1:0 markéiert. 9 Minutte méi spéit huet den Onparteieschen nom agräife vum VAR nees op Eelefmeter entscheet, an nees war et de Lewandowski deen dem Köhn keng Chance gelooss huet. 2:0 fir Bayern no 21 gespillte Minutten.
Salzburg hat wuel nach duerch de Seiwald d’Chancen op den Uschloss, de Ball sollt awer iwwert de Gol goen. An der Suite huet Bayern weider op den Tempo gedréckt an de Lewandowksi huet an der 23. Minutt säi perséinlechen drëtte Gol konnte markéieren. Fir d’Virentscheedung huet de Gnabry an der 31. Minutt gesuergt, wat gläichzäiteg och Pausenresultat war.
Nom Säitewiessel huet sech um Spillverlaf net méi vill gedoen. Bayern war dominant an huet Salzburg phaseweis un d’Mauer gespillt. Nodeems de Müller an der 54. Minutt de 5:0 markéiere konnt, ass Salzburg duerch de Kjaergaard wuel nach den Éierentreffer gelongen. De Müller mat sengen zweete Gol an de Sané hunn fir d’Schlussresultat gesuergt. Bayern klappt Salzburg mat 7:1 a steet verdéngt an der 1/4-Finall.
Klickt hei, fir op d’Resultater vun der Champions League ze kommen.