
De Resumé vun de Samschdesmatcher fannt Dir hei.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
AS Roum - AC Mailand 1:1
1:0 Abraham (90'+3), 1:1 Saelemaekers (90'+7)
An 90 Minutte si keng Goler gefall, mee an enger verréckter Nospillzäit falen der zwee. Sou kann een de Match tëscht der AS Roum an dem AC Mailand resuméieren. Am éischten Duerchgang ass wéinst ville Blessuren an Ënnerbriechungen kee Spillfloss opkomm. Déi eenzeg gutt Golchance hat Roum, mee deen eegenen Ugräifer Abraham stoung beim Schoss vum Pellegrini am Wee. An der zweeter Hallschent war bis op eng Chance vum agewiesselte Saelemaekers näischt Zielbares erausgesprongen. An der Nospillzäit sollt d’AS Roum no engem Konter den éischte Gol schéissen, mee quasi am Géigenzuch huet de Saelemaekers egaliséiert.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Lille - Ajaccio 3:0
1:0 Gomes (22'), 2:0 Gomes (33'), 3:0 Cabella (37')
Fënnef Woche virum leschte Spilldag huet Lille den Drock op de Véiertplacéierte Monaco erhéicht. Den André Gomes war mat zwee Goler de Spiller vum Match an huet Lille séier op d’Gewënnerstrooss bruecht. De Cabella huet mam drëtte Gol nach virun der Paus alles kloer gemaach. An der zweeter Hallschent huet Lille no engem Gol, deen oferkannt gouf, d’Resultat verwalt an dem Ofstigskandidat Ajaccio keng Chance gelooss.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
Real Madrid - Almeria 4:2
1:0 Benzema (5'), 2:0 Benzema (17'), 3:0 Bezema (42', Eelefmeter), 3:1 Lazaro (45'+1), 4:1 Rodygo (47'), 4:2 Robertone (61')
No der Néierlag virun enger Woch géint Getafe huet sech Real Madrid erëmkaaft a kloer géint Almeria gewonnen. Mat zwee séiere Goler vum Benzema gouf de Match lancéiert, an et war och de Benzema, dee virun der Paus duerch en Eelefmeter en Hattrick markéiert huet. Wann Almeria virun der Paus nach verkierze konnt, hunn déi Kinneklech direkt nom Säitewiessel den alen Ecart nees hiergestallt. Bis op e weidere Gol, sollt Almeria an deem Match näischt méi räissen.
FC Barcelona - Betis Sevilla 4 : 0
1 : 0 Christensen (14'), 2 : 0 Leandowski (36'), 3 : 0 Raphinia (39'), 4 : 0 Rodriguez (82') (Selbstgol)