
E Mëttwoch den Owend stoung an der Champions League de Retourmatch vun der zweeter Halleffinall um Programm. Nom spektakuläre 4:3 fir Manchester City am Allersmatch gouf et och am Santiago Bernabeu zu Madrid nees e geckege Spillverlaf. Déi éischt Hallschent vum Match hu sech béid Ekippen op Aenhéicht gewisen an den eegene Gol propper gehalen. Nom Säitewiessel ass den Drock fir Real Madrid dann ëmmer méi grouss ginn, de Gol war ronn 15 Minutte viru Schluss awer op der anerer Säit fir City am Numm vum Mahrez gefall.
Alles hat dono ausgesinn, wéi wa Manchester d’Féierung iwwert d’Zäit bréngt an an d’Finall anzitt. Duerch zwee Goler vum Rodrygo bannent den zwou leschte Minutten ass et fir béid Ekippen allerdéngs an d’Verlängerung gaangen. Do huet en Eelefmeter vum Karim Benzema an der 95. Minutt de Match fir Real Madrid entscheet, déi domat an der Finall den 28. Mee zu Paräis op den FC Liverpool treffen.
En Dënschdeg hat sech Liverpool an der éischter Halleffinall géint Villarreal behaapt.
0:1 Mahrez (73'), 1:1 Rodrygo (90'), 2:1 Rodrygo (90+1'), 3:1 Benzema (95')
Real Madrid ass mat engem Gol Réckstand an de Retourmatch gaangen an huet sech dowéinst och vun Ufank un engagéiert gewisen. Si hunn d’Ekipp vum Pep Guardiola fréi gestéiert an ënner Drock gesat. Déi eng oder aner Kéier goufen dës Beméiungen dann och a Form vu Golchance belount, déi virun allem de Benzema awer net fir seng Ekipp notze konnt. No 20 Minutten hat dann och de Gaascht vu Manchester déi éischt gutt Chance, ma dem Bernardo Silva säi Schoss aus fënnef Meter konnt de Courtois nach paréieren. Eng taktesch an och Zweekampf betount éischt Hallschent, an där et awer net un offensiven Aktioune gefeelt huet, ass dann no 45 Minutten ouni Goler op en Enn gaangen.
Nom Säitewiessel ass deene Kinneklechen da bal e Blëtz-Start gelongen. E puer Sekonnen nom Ustouss hat de Vinicius Junior d’Chance op d’Féierung, ma de Schoss vum Brasilianer ass nëmme knapps laanscht de Gol gaangen. Manchester City war net méi sou gutt am Match wéi nach am éischten Duerchgang, huet Real méi Plaz gelooss a war sou och méi dacks a Gefor geroden. D’Drockphas vu Madrid ass mat der Zäit awer ëmmer manner ginn, sou datt City nees méi vum Match hat. An der 73. Minutt war et dann de Mahrez, deen dem Courtois mat engem stramme Schoss keng Chance gelooss an domat op 1:0 fir de Gaascht gestallt huet. Fir Real war d’Zäit elo natierlech knapps, fir de Réckstand vun zwee Goler opzehuelen a sech eventuell an d’Verlängerung ze retten. Genee dozou ass et entgéint allen Erwaardungen awer nach komm. Duerch zwee Goler vum Rodrygo an der 90. an der 91. Minutt ass et zu Madrid awer nach an d’Verlängerung gaangen.
De Momentum war elo natierlech komplett op der Säit vu Madrid, déi an der 93. Minutt en Eelefmeter fir sech gepaff kruten. Dat war alt nees eng Aufgab fir de Karim Benzema, dee vum Punkt wéi gewinnt äiskal bliwwen ass. D’Kaarte waren nei gemëscht an op eemol war et Manchester City, déi engem Réckstand hannendru gelaf sinn. Mat den eegene Supporter am Réck huet Real sech déi Féierung net méi aus den Hänn rappe gelooss a steet no engem weidere spektakulären Optrëtt an der Finall vun der Champions League.