
Um Dënschdeg den Owend stoung den Retourmatch vun der éischter Halleffinall um Programm. Am Aller hat sech Liverpool doheem kloer mat 2:0 duerchgesat an hat eng gutt Ausgangspositioun, fir d’Finall z’erreechen. Ma no 45 Minutten haten d’Spuenier dëse Réckstand opgeholl a matchiwwergräifend d’Resultat ausgeglach. An der zweeter Hallschent awer huet Liverpool den Drock erhéicht a koum doduerch och zu Chancen an zu Goler a steet no engem 3:2 am Retourmatch an der Finall vun der Champions League. E Mëttwoch gëtt dann ermëttelt, géint wie si spillen. Am Allersmatch vun der zweeter Champione-League-Halleffinall hat sech Manchester City doheem mat 4:3 géint Real Madrid duerchgesat.
1:0 Dia (3'), 2:0 Coquelin (41'), 2:1 Fabinho (62'), 2:2 Diaz (67'), 2:3 Mané (77')
Villarreal huet misste Goler schéissen, fir iwwerhaapt eng Chance ze hunn, an dat hu se och gewisen. De Capoue huet schonn an der 3. Minutt eng präzis Pass konnten op den Dia maachen, deen den eidele Gol viru sech hat an ouni Problem markéiere konnt. Liverpool huet aggressiv op de Réckstand reagéiert, esouwuel a Fouls, wéi och a Richtung Gol, wou awer direkt näischt ze huele war. Et war éischter d’Heemekipp, déi an der 12. respektiv der 16. Minutt nach d’Méiglechkeet hat, fir op 2:0 z’erhéijen, ma entweder huet d’Prezisioun gefeelt oder d’Defense vun de Britte war do. Dono ass et laang méi roueg fir d’Golkipper ginn, well sech keng Ekipp wierklech eng richteg Chance erausspille konnt. No 37 Minutte du war den Alisson am Gol vu Liverpool gefuerdert an de Brasilianer war och um Posten. 4 Minutte méi spéit konnt hien awer näischt méi géint de Käpper vum Coquelin maachen, deen eng gutt Flank vum Capoue notze konnt. Esou ass et da mat engem 2:0-Avantage an d’Paus gaangen. Villarreal hat aus den zwee eenzege Schëss an dëse 45 Minutten, déi op béide Säiten zesummegezielt op de Gol gaange sinn, vill Profit gezunn an hiren 0:2-Réckstand aus dem Allersmatch nees guttgemaach.
Déi éischt gutt Zeen no der Paus hat Liverpool no 55 Minutten. Den Alexander-Arnold huet aus der Distanz ofgezunn an den geblockte Schoss ass uewen op d’Lat gefall, de Rulli am Gol hätt keng Chance gehat. Aus dem Corner konnten d’Englänner keen Avantage zéien. Liverpool huet weider Drock gemaach an an der 62. Minutt huet de Fabinho déi Rout belount. No enger gudder Une-Deux mam Salah huet hien aus spatzem Wénkel de Rulli getunnelt an den 2:1 markéiert. Liverpool war erwächt a richteg am Match. Si hu weider Drock gemaach. Den Diaz huet an der 66. Minutt nach de Gol knapp verpasst, ma eng Minutt méi spéit notzt hien dunn eng Flank vum Alexander-Arnold, fir de Ball mam Kapp eranzesetzen, nees dem Rulli duerch d’Been. Et ass an den zweete 45 Minutten einfach fir Liverpool gelaf, well no 74 Minutten huet de Keita eng gutt Pass op de Mané gespillt, deen aus kuerzer Distanz kee Problem hat, op 3:2 z’erhéijen. Villarreal huet einfach net an de Match erëmfonnt, symbolesch dofir stoung och de Capoue, deen an der éischter Hallschent nach béid Goler virbereet huet an an der zweeter Hallschent no zwee haarde Fouls mat giel-rout vum Terrain huet misste goen. Dono war d’Loft eraus aus der Partie a Liverpool wënnt de Match no enger schwaacher éischter an enger ganz staarker zweeter Hallschent mat 3:2 géint Villarreal.
Klickt hei, fir op d’Resultater vun der Champions League ze kommen.